D’Personalgestioun am kommunale Secteur stellt Gemengen dacks virun Erausfuerderungen, virun allem wat d’Astellung vu Remplaçanten oder zousätzlechem Personal an de Maisons Relaisen an a schoulesche Betreiungsstrukturen ugeet. Eng parlamentaresch Fro vum 7. Februar 2022 huet d’Opmierksamkeet op d’Praxis vun de sougenannten “Null-Stonne-Kontrakter” an dësem Secteur gezunn. Doraus ass ervirgaang, datt d’Aféierung an d’Approbatioun vun esou Kontrakter, déi de Salarié bannen, dem Patron awer all Fräiheete loossen, verwonnerlechermoossen dem Ministère net bekannt wieren.
Nieft den Null-Stonne-Kontrakter, wou den Aarbechter just op d’Stonn bezuelt gëtt a keng Weiderbezuelung am Krankheetsfall oder Cotisatioune vum Patron huet, gëtt et anscheinend och de Recours op d’Astellung iwwer “Prestations de services” (Déngschtleeschtungskontrakter) am selwechte Kader vun der Personalgestioun. Dës Aart a Weis vum Recrutement am kommunale Secteur schéngt eng alternativ Léisung fir kuerzfristeg oder punktuell Bedierfnesser ze sinn, bréngt awer eng Rei vun net-gekläerte juristeschen an Aarbechtsrecht-spezifesche Froe mat sech, besonnesch a Bezuch op d’Sozialversécherung an d’Steiererklärung vun de concernéierte “Prestatairen”. D’Fro vun der sozialer Gerechtegkeet an dem Risiko vu “faux indépendant” am ëffentleche Secteur gëtt heiduerch nach méi relevant.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Gemenge maache fir d’Astellung vu Personal a kommunale Servicer, wéi de Maisons Relaisen oder dem Pédibus-Déngscht, reegelméisseg (op d’mannst 5 Mol am Joer) vu Kontrakter iwwer “Prestations de services” Gebrauch?
-
Wéi eng legal Obligatiounen (Aschreiwung bei der CCSS als Eenzelentrepreneur, obligatoresch Cotisatiounen, Steierakommes) huet dëse Personal-Typ (“Prestataire”) an deem Kader?
-
Wéi kontrolléieren d’Gemengen, ob dës “Prestatairen” den obligatoresche legalen an administrativen Ufuerderunge fir eng selbstänneg Aktivitéit am kommunale Beräich nokommen?
-
Huet de Minister Kenntnis vu Fäll, wou d’Verwendung vu Kontrakter iwwer “Prestations de services” fir kommunal Servicer d’Qualifikatioun vu “faux indépendant” kéint erfëllen?
-
Ass de Minister der Meenung, datt de legale Kader esou ugepasst sollt ginn, datt d’Gemengen hir Personalbedürfnisser an de Betreiungsstrukturen nëmmen iwwer sozial ofgeséchert Aarbechtskontrakter kënnen ofdecken, fir de Risiko vu prekären Aarbechtsverhältnisser, wéi Null-Stonne-Kontrakter a “faux indépendance,” an dësem wichtege Secteur auszeschléissen?
QP Nummer 3028