Rezent Medieberichter an Diskussiounen op verschiddenen Technologie-Plattformen hunn drop higewisen, datt de bekannte Projet “GrapheneOS”, deen e Betribssystem fir Smartphones mat engem Fokus op Privatsphär a Sécherheet entwéckelt, entscheet huet, seng Server-Infrastruktur aus Frankräich ofzezéien. Dëse Schrëtt gëtt vun den Entwéckler domat begrënnt, datt si sech duerch Aussoe vu franséische Justizbehörden bedreet fillen, déi potenziell Stroofverfollegunge géint Ubidder vu verschlësselter Software an de Raum gestallt hunn, wann dës keng Hannerdiiren (Backdoors) fir d’Autoritéiten abauen oder Schlësselen vun der Verschlësselung erausginn.
Dës Entwécklung reit sech an eng méi breet Diskussioun iwwer d’IT-Sécherheet an d’Privatsphär an Europa an (z. B. am Kontext vun der “Chat Control” oder der Verhaftung vum Telegram-Grënner), déi laut villen Experten d’Attraktivitéit an d’Kompetitivitéit vum europäesche Standuert fir Tech-Firmen a Gefor bréngt. Lëtzebuerg positionéiert sech säit Joren als “Data Hub” an als Virreider am Beräich Cybersecurity an Dateschutz. Wann Nopeschlänner eng repressiv Haltung géint Open-Source-Sécherheetsprojeten anhuelen, stellt sech d’Fro, wéi Lëtzebuerg sech an dësem Spannungsfeld positionéiert, fir seng eegen Attraktivitéit fir innovativ IT-Entreprisen a Startups net nëmmen ze halen, mee eventuell auszebauen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Sinn d’Ministeren iwwer d’Decisioun vu GrapheneOS an déi domat verbonnen Onsécherheeten am europäeschen Tech-Secteur informéiert?
-
Wéi bewäerten d’Ministeren de Risiko, datt eng Politik, déi de Gebrauch vu staarker Verschlësselung a Fro stellt oder kriminaliséiert, d’Kompetitivitéit vum lëtzebuergeschen an europäeschen Digitalstanduert schiedegt?
-
Kënnen d’Ministere garantéieren, datt Lëtzebuerg keng Gesetzesinitiativen ënnerstëtzt oder plangt, déi Entwéckler vun Open-Source-Software oder verschlësselte Kommunikatiounsdéngschter dozou zwénge géifen, Hannerdieren (Backdoors) an hir Systemer anzebauen?
-
Gesäit d’Regierung an der aktueller Situatioun eng Opportunitéit, Lëtzebuerg aktiv als “Safe Harbor” fir Privatsphär-frëndlech Technologien ze promouvéieren, fir Projeten an Entreprisen unzezéien, déi an anere Länner ënner Drock geroden?
-
Gëtt et eng Strategie, fir sécherzestellen, datt Lëtzebuerg och an Zukunft e Standuert bleift, wou d’Entwécklung vu sécherer a privater Software (Privacy-by-Design) rechtlech geschützt a gefërdert gëtt?
QP Nummer 3239