Politesch Neutralitéit vu Betreiungsstrukturen

Mir ass ee Fall bekannt, wou eng privat Crèche ee Palestina-Fändel ausgehaangen huet an domadder ee politesche Statement mécht.

Bildung sollt esou fräi wéi méiglech vun Doktrinne sinn, ob politesch, reliéis oder kulturell. De Staat dierf a muss de Kanner natierlech politesch, reliéis oder kulturell Iddie bäibréngen, mee en dierf hei op kee Fall Iddie prioriséieren.

Privat Crèchen ginn iwwert Konventioun an Agrément mat Staatsgelder finanzéiert a si mussen sech, fir d’Suen ze kréien, un de “cadre de référence national sur l’éducation non formelle des enfants et des jeunes” halen.
De Cadre national de référence betount d’Wichtegkeet vun enger politesch neutraler Bildung, wou d’Professionell sech professionell an neutral solle verhalen an d’Kanner an d’Familljen net mat politesche Symboler konfrontéiert solle ginn.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Dierf eng Crèche ee Fändel ophänken, deen eng ideologesch Iddi representéiert? 

  2. Gëtt et eng Obligatioun zur Neutralitéit fir Crèchen, déi eng Konventioun mam Staat oder een Agrément vum Staat hunn, a verbitt dës och d’Affichage vu politeschen, reliéisen oder ideologesche Symboler?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3299

Nofro

QP Nummer 3644

https://www.chd.lu/fr/question/30324

A senger Äntwert op meng Fro n°3299 huet de Minister op den Neutralitéitsprinzip vun de Crèchë verwisen, déi ee staatlechem Agrement hunn. Allerdéngs gouf net explizitt op d’Fro agaangen, ob d’Aushänke vun engem Fändel, am Kader vun dëser juristescher Analyse, dann elo erlaabt ass oder net. Mir ass ee Fall bekannt, wou eng privat Crèche ee Palestina-Fändel ausgehaangen huet, woumadder ee politesche Message gemaach gëtt.

  1. Dierf eng Crèche, déi ëffentlech finanzéiert gëtt oder ee staatlechen Agrement huet, ee palästinensesche Fändel ophänken? Falls jo: ënnert wéi enge konkrete Krittären ass dat erlaabt, a wéi gëtt an deem Fall garantéiert, datt de Neutralitéitsprinzip agehale gëtt?

Zesummenhang posts

Den Doud vun engem Zuchführer a Rheinland-Pfalz no engem gewalttätegen Ugrëff am Kader vun enger Ticketkontroll huet d’Fro vun der Sécherheet am ëffentlechen Transport
Viru Kuerzem gouf de Streckeverlaf vun der Linn 7 vum TICE geännert an d’Buslinn fiert elo net méi laanscht de Centre hospitalier Emile Mayrisch