Plainten no Aggressiounen oder Beleidegunge géint Polizisten:innen

Wann Polizisten:innen aggresséiert oder beleidegt gi sinn, kënnen si am Dossier eng Remarque heizou maachen. Si sinn an esou Fäll dann och obligéiert, fir eng Plainte géint déi Persoun ze maachen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Plaintë goufen an de leschte 5 Joer no Aggressiounen oder Beleidegunge vu Polizisten:innen agereecht, opgeschlësselt no Kommissariat?

  2. Wéinst wat fir enger Aart vun Aggressioun oder Beleidegunge goufen dës Plaintë gemaach? Kann de Minister eng detailléiert Oplëschtung no Kategorie ginn (zum Beispill physesch Aggressioun, verbal Beleidegung, asw.)?

  3. A wéi ville Fäll haten dës Plainten eng Suitte? Wat fir eng Suitte waren dat konkret?

  4. Gëtt et eng statistesch Evolutioun iwwer dës Period ze observéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2890

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene