Andy Maar

Andy Maar (34, vu Reiler), Informatiker

Nodeems ech am Minett opgewuess sinn an och do am LTE meng Ausbildung als Kommunikatiounselektroniker gemaach hunn, huet et mech virun elo 10 Joer an dat schéint Éislek verschloen. Mäi Brout verdéngen ech säit elo mëttlerweil 10 Joer als Informatiker fir de Justizministère.

Eréischt iwwert en Ëmwee hunn ech de Wee an d’Politik fonnt: zesumme mat engem Kolleg hunn ech 2007 eng Initiativ gegrënnt, déi sech mat enger Petitioun staark fir eng Reform vum Bestietnes- an Adoptiounsrecht fir gläichgeschlechtlech Koppele gemaach huet. Zënterhier leie mir gesellschaftspolitesch Sujeten um Häerz. An de Joren dono hunn ech als Benevole an enger LGBT-Organisatioun u verschidde Projete geschafft, wou ech och nach bis haut un der Organisatioun vun der Luxembourg Pride matwierke kann.

Zënter 2011 sinn ech bei de Piraten, wou ech vun Oktober 2011 bis Dezember 2017 Member vum Präsidium war an och als laangjärege Generalsekretär d’Fonktionnement an d’Kommunikatioun vun eiser nach jonker Partei matgestalte konnt.

Mäi Fokus läit den Ament nach ëmmer op der Gesellschaftspolitik esou wéi den Theme Mobilitéit an Europa.

Grad elo an dësen Zäiten, wou a ganz Europa déi verschiddenst Kräft versichen, eis ze splécken, musse mir iwwerzeegt Europäer mat gudden a konkreten Iddien argumentéieren, wéi sech eist Zukunft an eist Zesummeliewen um Kontinent verbessere léisst.

Ech gesi mech éischter als e kreative Mënsch. Ech zeechnen dofir vill a menger Fräizäit, schaffen als benevole Grafiker bei verschidde Projete mat a hunn och eng gewësse Passioun fir Urbex-Fotografie.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene