Personal, finanziell Transparenz an Zukunft vun der Coque

Laut dem Gesetz iwwert d’Coque sinn dem nationale Sport- a Kulturzenter seng primär Missiounen, déi sportlech Aktivitéite vun de Sportverbänn an de Schoulsport ze garantéieren. Iwwert d’Missioune vun der Coque, hir finanziell Transparenz an hir Zukunft am Kontext vun der geplangter AINS-Integratioun stellen sech verschidde Froen. Wat de finanziellen a personelle Volet ubelaangt si leider wéineg Zuelen ze fannen, weder um Site vun der Coque selwer nach am „rapport d’activité” vum Sportsministère.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Léit sinn aktuell bei der Coque ugestallt, well dës Informatioune weder am Aktivitéitsrapport vum Sportsministère nach um Site vun der Coque ze fanne sinn?

  2. Wéi sinn déi aktuell Aarbechtskonditiounen a Gehälter vum Personal vun der Coque de Moment gereegelt? Ass de Minister net der Meenung, dass dës kéinten, wann se et net scho sinn, iwwert e Kollektivvertrag gereegelt ginn? Wann nee, firwat net?

  3. Kann de Sportminister een Tableau liwwere mat den Zuele vum Chiffre d’affaires vun der Coque, der staatlecher Kontributioun, dem Resultat vum Exercice an der Héicht vun den eventuelle Reserven, opgeschlësselt pro Joer säit dem Akraafttriede vum Gesetz?

  4. Säit wéini gëtt et dës Konventioun a wéi genau sinn d’Obligatioune vu Staat a Coque do gereegelt, besonnesch wat d’Prise en charge vun de Fraisen ubelaangt?

  5. Laut den Iwwergangsbestëmmunge vum Coquegesetz konnten deemools och Agenten, déi beim Staat ugestallt waren, hire Statut behalen a sinn domadder weiderhi vum Staat bezuelt ginn. Ëm wéi vill Mataarbechter huet et sech heibäi pro Joer gehandelt säit d’Gesetz a Kraaft ass?

  6. Och gesäit d’Gesetz fir, dass d’Coque d’Indemnitéiten, d’Paien an déi sozial Chargë vun dëse Mataarbechter un de Staat rembourséiert. Wat huet dëst pro Joer säit dem Akraafttriede vum Coquegesetz ausgemaach?

  7. Laut fréieren Aussoe vum Minister, an och laut Regierungsprogramm, sollen ënnert anerem d’Coque an aner national Sportsinfrastrukturen, an een neie gréisseren „établissement public”, AINS genannt, integréiert ginn. Wéi passt dat zu der Ausso vum Minister, dass d’Coque déi „ wichtigste Sportinfrastruktur des Landes” wier? Misst am Kontext vun där Ausso d’Coque dann net een eegestännegen Etablissement bleiwen?

  8. Ass d’Personal vun der Coque an deem Kontext schonn iwwert eventuell Pläng an Ännerunge vum Minister informéiert ginn?

  9. Wat geschitt mam Personal vun der laut Minister wichtegster Sportinfrastruktur vum Land, wann dës tatsächlech an ee schonn a Sportskreesser als „Wasserkapp” bezeechenten Infrastruktur integréiert gëtt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2797

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene