Opstelle vun Héichsëtz fir d’Juegd

 Am Kader vun der Juegd dierfen d’Jeeër een Héichsëtz (Mirador) opstellen. An engem Dokument vun der ANF si verschidde Reegele festgehale fir de Bau vun neien Héichsëtz. Am Juegdgesetz selwer ass net vill iwwert d’Héichsëtz ze fannen an och am Naturschutzgesetz vun 2018 steet just geschriwwen: “Les miradors ne sont autorisés que pour la durée du bail du lot de chasse.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Geneemegunge gi gebraucht, fir een neien Héichsëtz op ze riichten?

  2. Op wéi enge Plazen dierfe keng Héichsëtz opgestallt ginn?

  3. “Le requérant doit avoir obtenu une autorisation avant toute rénovation ou installation d’un mirador.” (Dokument ANF). Wat ass déi legal Basis vun dëser Autorisatioun, a wéi eng Krittären a Prozedure gëllen hei?

  4. Wéi vill nei Héichsëtz goufen an deene leschte 5 Jore gebaut?

  5. Wéi vill Héichsëtz ginn et aktuell zu Lëtzebuerg?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3044

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene