obligatoresch Formatioun no engem integrale Punkteverloscht vum Führerschäin

D’Reegelunge ronderëm de Punkteführerschäin zu Lëtzebuerg gesi vir, datt Führerschäin-Inhaber, déi hire Kredit vun 12 Punkten integral verluer hunn, eng obligatoresch Formatioun am Centre de Formation pour Conducteurs (CFC) zu Colmar-Bierg musse maachen, fir hir Fuererlabnis no der Suspensioun nees zeréckzekréien. Laut den aktuelle Verëffentlechungen op der Websäit vum CFC ginn dës Formatiounen nëmmen op Däitsch a Franséisch ugebueden.

Dës sproochlech Limitatioun steet am Widdersproch zu der demographescher a sproochlecher Diversitéit vun der Populatioun zu Lëtzebuerg, wou eng bedeitend Unzuel vu Residenten a Grenzgänger hir Führerschäiner aus aneren EU-Länner homologéiert oder transkribéiert kruten. Vill vun dësen EU-Bierger beherrschen Däitsch a Franséisch eventuell net genuch, fir eng esou komplex a sécherheetsrelevant Formatioun am Detail ze verfollegen an ze assimiléieren. Déi sproochlech Barriär riskéiert, d’Effizienz vun de Sensibiliséierungscourse ze behënneren an d’Gläichbehandlung vu sämtleche concernéierte Bierger an Awunner a Fro ze stellen. Zousätzlech suergen europäesch Pläng fir d’Aféierung vun engem europäesche Punkteführerschäi fir eng néideg Iwwerpréiwung vun der aktueller nationaler Praxis. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat gëtt d’obligatoresch Formatioun no engem integrale Punkteverloscht vum Führerschäin aktuell just op Däitsch a Franséisch ugebueden? Firwat net och op Lëtzebuergesch?

  2. A wéi wäit gouf d’Offer un d’Besoine vun der sproochlecher Diversitéit an der lëtzebuergescher Populatioun ugepasst, besonnesch am Hibléck op d’Zuel vun den EU-Bierger mat homologéierte Führerschäiner, fir déi Däitsch a Franséisch keng Verwaltungssprooche sinn?

  3. Gëtt et Iwwerleeungen, d’Formatioun och an anere relevanten europäesche Sproochen (z.B. Englesch, Portugisesch) unzebidden, a wat sinn déi eventuell finanziell an administrativ Hürde fir esou eng Extensioun?

  4. Huet d’Regierung am Kader vun den europäesche Projete ronderëm den europäesche Punkteführerschäi Preparatioune getraff, fir an Zukunft Formatiounen, déi am Ausland absolvéiert goufen, fir d’Zeréckkréie vum Führerschäin zu Lëtzebuerg unzeerkennen?

  5. Wéi eng statistesch Donnéeë leien der Regierung iwwer déi sproochlech Profiller vun de Persounen, déi déi obligatoresch Formatioun no engem Punkteverloscht musse maachen, vir?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3137

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene