Fir d’Ufro oder d’Erweiderung vun enger Etablissementsgeneemegung (autorisation d’établissement) mussen d’Entrepreneuren hir honorabilité professionnelle noweisen. Een Deel vun dëser Iwwerpréiwung ass d’Virleeë vun engem Extrait aus dem Strofregëster (Casier judiciaire).
Wéi eis vu betraffenen Entrepreneuren zougedroe gouf, schéngt et eng spezifesch Hürd fir Persounen ze ginn, déi nach keng 10 Joer zu Lëtzebuerg wunnen. Dës Persoune mussen anscheinend, onofhängeg vun hirer Nationalitéit, en Extrait aus dem Strofdossier vun hirem Hierkonftsland abréngen. Dës Ufuerderung gëtt als komplizéiert an zäitintensiv ugesinn.
Besonnesch inkohärent schéngt dës Reegel a Fäll, wou en Entrepreneur, deen d’Prozedur fir seng éischt Geneemegung scho mat Erfolleg duerchlaf huet a seng honorabilité professionnelle deemools nogewisen huet, elo fir eng simpel Erweiderung vu senger Aktivitéit dës Pabeieren nees muss abréngen. Dëst widderhëlt net nëmmen eng administrativ Demarche, mee stellt d’Verhältnesméissegkeet a Fro, besonnesch wann déi betraffe Persoun mëttlerweil d’Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl huet.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Kann den Här Minister confirméieren, dass Persounen, déi eng Etablissementsgenehmegung erweidere wëllen a manner wéi 10 Joer zu Lëtzebuerg residéieren, en Extrait aus dem Strofdossier vun hirem viregte Residenzland musse virleeën?
-
Kann de Minister confirméieren, dass dës Ufuerderung och fir naturaliséiert Lëtzebuerger Bierger gëllt?
-
Aus wéi engem Grond muss d’honorabilité professionnelle duerch en auslännesche Strofdossier op en Neits iwwerpréift ginn, obwuel dës scho bei der éischter Geneemegung vum selwechten Entrepreneur festgestallt gouf?
-
Steet dës zousätzlech Kontroll am Aklang mam Prinzip vun der administrativer Vereinfachung? Gëtt et Pläng, dës Prozedur unzepassen, fir eng duebel Iwwerpréiwung bei simpelen Erweiderunge vun Aktivitéiten ze verhënneren?
QP Nummer 3185