neie Verwaltungsrot vun der Coque

Laut groussherzogleche Reglement vum 23. Juli 2020 sinn, ënner der Berécksiichtegung vun den Dispositioun vum ofgeännerte Gesetz vum 29. Juli 2000 iwwert d’Organisatioun vum nationale Sport a Kulturzenter, och nach Coque genannt, no 5 Joer op den Dag vum 31. Juli 2025, d’Mandater vun de Membere vum Verwaltungsrot vun der Coque ofgelaf.
Laut engem Artikel vum 1. August 2025 an enger Lëtzebuerger Dageszeitung huet de Regierungsrot no laangem hin an hier schlussendlech eng nei Besetzung vum Verwaltungsrot vun der Coque ugeholl, wat dann och op Basis vum groussherzogleche Reglement vum 29. Juli 2025, publizéiert den 1. August 2025, en „bonne et due forme“ gemaach ginn ass.
Bezüglech dem Ernennungsprozess vum neie Verwaltungsrot vun der Coque an den ëffentlechen Aussoe vum Minister doriwwer stellen sech eng Rei Froen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Stëmmt et, dass de Regierungsrot, esou ewéi et am Zeitungsartikel steet, d’Propositioune vum Sportminister 2 mol verworf huet?

  2. Stëmmt et, dass Absënns d’Propositioun vum Minister, wat de Poste vum Präsident ubelaangt, verworf ginn ass, obschonn dëse laut Aussoe vum Minister am besoten Zeitungsartikel déi neidesch Erfarung huet?

  3. Kann de Minister bestätegen, dass et virun allem d’Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten heibäi hier Bedenken hat? Wa jo, wat fir Bedenke waren dat?

  4. Laut de Bestëmmunge vum virdru genannte Gesetz muss eng vun den 9 Persounen aus dem Verwaltungsrot Kompetenzen am Beräich vun der Verwaltung vu Betriber hunn. Et stellt sech elo eraus, dass den neie Präsident dës Roll mat soll iwwerhuelen. Wat qualifizéiert de fréieren Diplomat fir dës Funktioun ze iwwerhuelen?

  5. Am besoten Zeitungsinterview sot de Sportminister wuertwiertlech: „Der Verwaltungsrat ist so aufgestellt, dass er gut funktionieren kann. Viele Leute haben im Sport ihr Zuhause. Es ist ein tolles Team, das nicht aus einfachen Kopfnickern besteht. Das möchte ich unterstreichen.”
    • Huet de Sportminister sech heimadder op de viregte Verwaltungsrot bezunn an seng Memberen domadder pauschal als „ einfache Kopfnicker” bezeechent?
    • Wéi kënnt de Sportminister zum Urteel, dass am viregte Verwaltungsrot lauter „einfache Kopfnicker” waren, obwuel d’Reunioune vum Verwaltungsrot net ëffentlech sinn?
    • Ass sech de Sportminister bewosst, dass en domadder och déi 2 Membere vum fréiere Verwaltungsrot, dorënner och säin ursprünglech proposéierte Präsident, ofgestempelt huet, deenen hiert Mandat erneiert ginn ass – an domadder no den Aussoe vum Minister, 2 vun 9 Membere vum neie Verwaltungs weiderhin „ einfache Kopfnicker” sinn?
    • Mengt de Sportminister, dass dës Aussoen opportun gewiescht waren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2796

Zesummenhang posts

Rezent Berichter, ënner anerem en Artikel aus “The Atlantic”, ënnersträichen de wuessenden Afloss vu “Private Equity”-Firmen an institutionellen Investisseuren um Wunnengsmaart. An den USA
Den 12. Januar 2026 huet de Gesondheetsministère d’Zuelen zu de Stierffäll zu Lëtzebuerg fir d’Joer 2024 publizéiert. Dobäi gouf uginn, datt et 98 Doutgebuerten