Nei Koalitioun an der Gemeng Contern

Wéi RTL mellt, wäert et zu Contern zu engem politesche Wiessel kommen. Déi aktuell Koalitioun, bestoend aus der CSV an LSAP, wäert duerch eng Gambia-Dräierkoalitioun bestoend aus der DP, LSAP an Déi Gréng, ersat ginn. Et ass iwwerraschend, dass hei keng Koalitioun tëschent den aktuelle Regierungsparteien zustane komm, wéi een aus dem Artikel liese kann. “Den CSV-Schäffen Yves Loose huet sech iwwerdeems erstaunt gewisen, dass vun den anere Parteien mat him kee geschwat gehat hätt, en Vue vun enger neier Koalitioun zu Conter.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Huet dat onsolidaarescht Handele vu der DP Konsequenzen op d’Vertrauen an der Regierung an Auswierkungen op d’Zesummeschaffen vun der aktueller Regierung?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3022

Zesummenhang posts

Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou ee Proprietär vu verschiddene Residencë wéinst Renovatiounsaarbechten engen 30 Locatairen hir Kontrakter kënnegt. Déi ronn 30 Locatairë