nei ACD-Prozedure bei der Steiererklärungen

Rezenten Informatiounen no goufen intern Prozedure bei der Administration des contributions directes (ACD) ugepasst, déi potenziell Auswierkungen op d’Rechtssécherheet vun de Steierzueler hunn. An dëse neie Prozedure géif et heeschen, datt d’Bureauen d’Consigne kruten, PDF-Steiererklärungen net méi am Detail ze kontrolléieren, mee d’Donnéeën einfach per “Copy-Paste” an de System ze iwwerhuelen. Dëst féiert dozou, datt vill méi provisoresch Steierbescheeder (Bulletins provisoires) ausgestallt ginn, wat et der Verwaltung erlaabt, d’Dossieren iwwer eng Period vu fënnef Joer nozekontrolléieren. Dës Praxis riskéiert, datt Feeler an den Deklaratiounen net direkt erkannt ginn an d’Bierger eréischt Jore méi spéit mat héije Remboursementsfuerderunge konfrontéiert ginn.

Zousätzlech gouf festgestallt, datt op den neie PDF-Formulairen d’Feld fir d’Angab vun der Kontonummer (IBAN) ewechgeholl gouf, ouni datt eng kloer Instruktioun kommunizéiert gouf, wéi dës Informatioun alternativ ze iwwermëttelen ass. Dës Situatioun schéngt besonnesch fir Steierzueler ouni LuxTrust-Zougang, wéi zum Beispill vill Frontalieren, eng administrativ Hürd duerzestellen a kéint zu engem “Hin an Hier” per Courrier féieren. Dëst kéint potenziell d’Liquiditéit vum Staat op Käschte vun de Bierger stäerken, well d’Remboursementer sech doduerch onnéideg verzögeren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister bestätegen, datt d’Agente vun der ACD d’Uweisung kruten, bei PDF-Deklaratioune keng detailléiert Kontrolle méi duerchzeféieren, mee d’Donnéeën ongepréift an de System z’iwwerhuelen?

  2. Wéi schätzt de Minister de Risiko fir d’Steierzueler an, datt duerch dës verstäerkte Praxis vu provisoresche Steierbescheeder no e puer Joer onerwaart an héich Remboursementsfuerderungen op si duerkommen?

  3. Aus wéi engem Grond gouf d’IBAN-Feld vun de PDF-Formulairen ewechgeholl a wéi gëtt séchergestallt, datt Steierzueler ouni LuxTrust-Zougang hir Bankverbindung einfach an ouni administrativen Opwand kënne matdeelen?

  4. Kann de Minister garantéieren, datt dës prozedural Ännerungen net zu systematesche Verspéidunge bei de steierleche Remboursementer féieren an domat d’Liquiditéit vun de Stéit belaaschten?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3329

Zesummenhang posts

Rezent Berichter, ënner anerem en Artikel aus “The Atlantic”, ënnersträichen de wuessenden Afloss vu “Private Equity”-Firmen an institutionellen Investisseuren um Wunnengsmaart. An den USA
Den 12. Januar 2026 huet de Gesondheetsministère d’Zuelen zu de Stierffäll zu Lëtzebuerg fir d’Joer 2024 publizéiert. Dobäi gouf uginn, datt et 98 Doutgebuerten