Moossname géint Mobbing an de Schoulen

Laut engem rezenten Artikel, deen de 14. September 2025 publizéiert gouf, schléit d’Organisatioun “White Tigers”, déi sech zënter 2024 géint Mobbing an de Schoulen asetzt, Alarm. Si weisen op eng besuergneserreegend Situatioun hin, wou et schéngt, datt organiséiert “Gangs vu Mobber” an eise Schoulen aktiv sinn.
Dës Informatioun ass besonnesch beonrouegend am Kontext vun der Schoulrentrée, wou vill Kanner a Jugendlecher nees mam Risiko vu Mobbing konfrontéiert sinn. D’Tatsaach, datt eng extern Organisatioun wéi d’White Tigers aktiv ginn ass, fir betraffe Kanner ze hëllefen, weist op eventuell Lücken an eisen aktuellen institutionelle Schutzmoossnamen hin.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi bewäert de Minister d’aktuell Situatioun vu Mobbing an de lëtzebuergesche Schoulen, a leien dem Ministère konkret Zuelen iwwert d’Entwécklung vun dësem Phänomen iwwer déi lescht Joren fir?

  2. Wéi eng Moossnamen huet d’Regierung aktuell implementéiert, fir Mobbing an de Schoulen ze bekämpfen, a wéi gëtt d’Effikassitéit vun dëse Moossnamen evaluéiert?

  3. Gëtt et eng offiziell Zesummenaarbecht tëscht dem Ministère an Organisatioune wéi de “White Tigers”, déi sech géint Mobbing asetzt, a wa jo, wéi gesäit dës Zesummenaarbecht aus?

  4. Wéi eng zousätzlech Ressourcen a Programmer plangt d’Regierung anzeféieren, fir dem Phänomen vun organiséiertem Mobbing (“Gangs vu Mobber”) entgéintzewierken?

  5. Wéi ginn Enseignanten a Schoulpersonal geschoult, fir Mobbing ze erkennen an dorop ze reagéieren, a ginn et spezifesch Formatiounen zum Thema “Gangs vu Mobber”?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2868

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene