Méi a méi séier Diplomer unerkennen

A villen Aarbechtssecteuren zu Lëtzebuerg feelt et u qualifizéierten Aarbechter, ob an der Santé, dem Bausecteur oder der Finanzplaz.Vill Plaze ginn net besat a Betriber sichen händeringend no gudde Leit. Den aktuellen Zuele vun der ADEM no, waren Enn August iwwer 6500 Plazen net besat, dorënner 600 an der Santé, iwwer 1000 an techneschen a wëssenschaftleche Beruffer oder iwwer 800 an administrative Beruffer. Dobäi feelt et sécherlech net u gudde Leit. Et gëtt ee grousse Pool un auslännesche Matbierger:innen, déi am Ausland eng super Ausbildung kruten, oft scho jorelaang Erfarung gesammelt hunn a prett sinn, fir hei kéinten zur Gesellschaft hire Beitrag ze maachen. De Problem: hiren Diplom ass hei am Land net unerkannt a si dierfen net an hirer Spezialitéit schaffen. Mengen Informatiounen no sinn d’Delaie bei den zwee Ministèren, déi sech ëm d’Unerkennung vun den Diplomer këmmeren, immens lues. Mir leie Fäll vu Studenten op der Uni.lu vir, déi zënter Méint op d’Unerkennung vun hire Bachelordiplom waarden (obwuel se schonn am Master studéieren) oder och Fäll vu Leit, déi zënter Méint op d’Unerkennung vun enger Secondaire waarden.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Demandë fir eng Unerkennung vun auslänneschen Diplomer sinn zënter 2021 bei de Ministeren erakomm, opgelëscht pro Joer?

  2. Wéi vill Demandë sinn an deem Zäitraum unerkannt ginn? Wéi vill sinn ofgeleent ginn?

  3. Wat ass d’Duerchschnëttszäit fir den Traitement vun engem Diplom, opgelëscht no Ministère an no Joer  (zënter 2021)? 

  4. A wéi ville Fäll huet eng Persoun méi wéi 3 Méint op d’Unerkennung vun hirem Diplom misste waarden?

  5. Wéi huet sech de Personalbestand zënter 2021 beim Service de Reconnaissance des Diplômes entwéckelt?

  6. Wat gëtt ënnerholl, fir d’Delaie vun der Reconnaissance des Diplômes ze verbesseren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3033

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene