Luxtrust Dezember

Zanter gëschter ass de Service vu LuxTrust massiv gestéiert, wat zu enger bal kompletter Paralys vun de kriteschen digitalen Déngschtleeschtungen zu Lëtzebuerg féiert. Net nëmme Bankiwwerweisunge sinn onméiglech, mee och den Zougang zu staatleche Portaler wéi MyGuichet.lu ass blockéiert. Doriwwer eraus huet dës Panne konkret Auswierkungen op d’Schoulwiese, well Enseignanten de Moment keen Zougang zu den Zensuren a Bilanen hunn. Dës Situatioun ass besonnesch bedenklech, well d’Regierung a rezenten Äntwerten op parlamentaresch Froen, wéi zum Beispill der Fro n°1776, uginn huet, datt “aktuell net virgesinn ass, en anere Prestataire ze sichen” an datt d’Souveränitéit duerch national Kontroll geséchert wier. D’Realitéit weist awer elo, wéi fragil dës “Single Point of Failure”-Strategie fir eis digital Resilienz ass. Wann ee vun enger Disponibilitéit vun 99,99% ausgeet – e Standard fir kritesch Infrastrukturen –, däerft e Service maximal ronn 52 Minutte pro Joer ausfalen; déi aktuell Pann iwwerschreit dëse Wäert scho bei wäitem. Erschwéierend kënnt dobäi, datt et schéngt, als géif vu Säite vun de Responsabelen, sief et LuxTrust selwer oder dem Ministère, keng proaktiv a transparent Kommunikatioun stattfannen, wat bei de Bierger a Betriber fir Onversteesdemech suergt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat sinn déi genee technesch Ursaache fir déi aktuell massiv Panne bei LuxTrust a wéi laang wäert dës nach undaueren?

  2. Gedenkt d’Regierung, am Liicht vun dësem Tëschefall an der evidenter Ofhängegkeet vun engem eenzegen Ubidder, hir Positioun z’iwwerdenken an aktiv Alternativen zu LuxTrust fir staatlech Servicer ze préiwen, fir d’Redundanz ze erhéijen?

  3. Gëtt et an de Kontrakter tëschent dem Staat a LuxTrust Klauselen iwwer garantéiert Disponibilitéiten (Service Level Agreements, z.B. 99,99%), a wa jo, wéi eng finanziell Konsequenzen zitt d’Regierung aus dem Net-Anhale vun dësen Obligatiounen?

  4. Wéi gëtt konkret séchergestallt, datt kritesch Beruffsgruppen, wéi Enseignanten déi keen Zougang zu Resultater hunn oder Bierger déi dréngend Bezuelungen tätege mussen, duerch dës Panne keng laangfristeg administrativ oder finanziell Nodeeler hunn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3351

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene