Eng begréissenswäert Initiativ ass d’Online-Léierplattform LLO.lu, déi am Joer 2022 gestart gouf fir den Zougang zum Lëtzebuergesch-Léieren ze erliichteren. Dës Initiativ huet zum Zil, d’sproochlech Integratioun ze ënnerstëtzen a bitt Coursë vum Niveau A1 bis B2 un.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Leit hunn sech zënter dem Start am Joer 2022 op der Plattform LLO.lu agedroen, a wéi vill Notzer sinn aktuell aktiv?
-
Wéi verdeelen sech d’Umeldungen op déi verschidde Coursniveauen (A1, A2, B1, B2)?
-
Wéi vill Participanten hunn zënter 2022 déi verschidde Coursniveauen mat Succès ofgeschloss? Wéi héich ass den Erfollegstaux pro Niveau?
-
Wéi bewäert de Ministère den Erfolleg vun dëser Initiativ a wéi eng Moossnamen si geplangt fir d’Offer nach weider ze verbesseren?
QP Nummer 3410