Liewensmëttel fir Beebeeën a kleng Kanner

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro N°1406 vum 28. November 2024 huet d’Ministesch fro Gesondheet a sozial Sécherheet wichteg Informatiounen iwwer d’Obesitéitssituatioun zu Lëtzebuerg geliwwert. Besonnesch alarmant ass d’Tatsaach, datt den Undeel vun Iwwergewiicht/Obesitéit bei Jugendlechen tëschent 11-18 Joer vu 14% am Joer 2006 op 21% am Joer 2022 geklommen ass, an datt et eng staark Korrelatioun mat dem sozioekonomeschen Niveau gëtt.
Wärend d’Zuele fir Kanner tëschent 4-12 Joer relativ stabil bliwwe sinn (ëm 13-14%), besteet d’Gefor, datt d’Basis fir Iwwergewiicht schonn an der fréier Kandheet geluecht gëtt. Wichteg an deem Kontext ass, dass Fettzellen bei iwwergewiichtege Kanner dacks schonn an der Kandheet vill méi staark geklommen si wéi bei Kanner mat engem normale Gewiicht, wat dofir suergt, dass dës e vill méi héije Risiko hunn, och als erwuesse Persoun iwwergewiichteg ze bleiwen, well d’Fettzellen ee Liewe laang am Kierper bleiwen an och duerch eng Diät net manner ginn. An dësem Kontext spillen dowéinst och Liewensmëttel, déi speziell fir Puppelcher a kleng respektiv jonk Kanner entwéckelt an ugebuede ginn, eng wichteg Roll.

Vill industriell Produkter, wéi zum Beispill d’Uebstgliesercher fir Beebeeën oder speziell Desserten, Snacken oder aner Liewensmëttel fir kleng respektiv jonk Kanner enthalen typescherweis héich Zockerquantitéiten, och wann se als “natierlech”, “gesond” oder als gudde Pausesnack vermaart ginn. Dëst fréit Gewinnen un de séisse Goût kann d’Geschmacksvirléiften an d’Alimentatiounsverhalen op laang Sicht ganz staark beaflossen, well dëse besonnesch staark an den éischten zwee Liewensjore vun engem Kand gepräägt gëtt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëtt et spezifesch Donnéeën iwwer Iwwergewiicht/Obesitéit bei Kanner ënner 4 Joer zu Lëtzebuerg? Wéi ginn dës Donnéeën erhuewen an iwwerwaacht, a wéi entwéckelt sech d’Situatioun an dëser Altersgrupp?

  2. Wéi eng national an europäesch Reguléierunge ginn zu Lëtzebuerg applizéiert fir d’Zesummesetzung vun industriell hiergestallte Liewensmëttel fir Puppelcher a kleng Kanner ze kontrolléieren? Gëtt et spezifesch Limite fir den Zocker-, Salz- a Fettgehalt an dëse Produkter?

  3. Wéi héich ass den duerchschnëttlechen Zockergehalt an de meescht verkaaften industriellen hiergestallte Produite fir Puppelcher wéi zum Beispill Gliesercher mat Uebstbräi, respektiv a Liewensmëttel, déi spezifesch kleng respektiv jonk Kanner sollen uspriechen? Gëtt et eng Iwwerwaachung vum Zockergehalt an dëse Produkter?

  4. Wéi ginn dës Produiten zu Lëtzebuerg kontrolléiert? Gëtt et reegelméisseg Analyse vum Zockergehalt an aneren Närstoffer an dëse Produkter? Wéi eng Sanctiounen existéieren, wann d’Produkter net de Reglementatiounen entspriechen?

  5. Ass d’Ministesch der Meenung, dass d’Etikettéierung vun dëse Produkter wat den Zockergehalt ugeet, transparent genuch gestallt ass, fir op een héijen Zockergehalt opmierksam ze maachen? Ginn d’Eltere genuch iwwer d’Auswierkunge vum héijem Zockergehalt op d’Gesondheet vun hir Kanner informéiert?

  6. Gëtt et spezifesch Campagnen oder Informatiounsinitiativen fir Elteren iwwer d’Richtlinne fir eng gesond Alimentatioun bei Puppelcher a klenge Kanner ze informéieren?

  7. Plangt d’Regierung, eventuell och op europäeschem Niveau, verschäerft Reguléierungen oder Richtlinne fir d’Reduktioun vum Zockergehalt an industriell hiergestallte Liewensmëttel fir Beebeeën a kleng Kanner? Gëtt et Initiativen op europäeschem Niveau fir d’Reguléierunge vun dëse Produkter ze harmoniséieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2799

Zesummenhang posts

Rezent Berichter, ënner anerem en Artikel aus “The Atlantic”, ënnersträichen de wuessenden Afloss vu “Private Equity”-Firmen an institutionellen Investisseuren um Wunnengsmaart. An den USA
Den 12. Januar 2026 huet de Gesondheetsministère d’Zuelen zu de Stierffäll zu Lëtzebuerg fir d’Joer 2024 publizéiert. Dobäi gouf uginn, datt et 98 Doutgebuerten