Konsumenteschutz bei Domiciliatiounen-Zwëschefäll

Am Kader vun de rezenten Zwëschefäll bei engem groussen Online-Bezuelungsservice, deen säin europäesche Sëtz zu Lëtzebuerg huet, sinn d’Sécherheetssystemer ausgefall, déi betrügerech Domiciliatiounen erausfiltere sollen. Dëst huet dozou gefouert, dass Banken europawäit Lastschrëften am Milliardeberäich gestoppt hunn. D’Commission de Surveillance du Secteur Financier (CSSF) gouf am Kader vum Digital Operational Resilience Act (DORA) iwwer dës IT-Zwëschefäll informéiert. Wärend d’Entreprise confirméiert huet, dass de Problem geléist gouf, weist dësen Zwëschefall op wichteg Froe ronderëm de Konsumenteschutz an d’Informatioun vun de Clienten iwwer hir Rechter ënner dem SEPA Direct Debit Scheme hin.
Dësen Tëschefall ënnersträicht d’Noutwendegkeet fir d’Konsumente besser iwwer hir Rechter z’informéieren, besonnesch wat d’Méiglechkeet ugeet, Domiciliatiounen ze widderruffen an am Fall vun onberechtegten Ofbuchungen Reklamatiounen ze maachen. Et ass essenziell ze garantéieren, dass d’Clientë séier an einfach Zougank zu Informatiounen a Recoursmëttel hunn, wann esou Zwëschefäll entstinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng konkret Moossnamen huet d’Regierung virgesi fir ze garantéieren, dass d’Konsumente besser iwwer hir Rechter ënner dem SEPA Direct Debit Scheme informéiert ginn, besonnesch iwwer hiert Recht, autoriséiert Lastschrëften bannent 8 Wochen ze widderruffen an onberechtegt Transaktioune bis zu 13 Méint ze reklaméieren?

  2. Wéi eng Initiative gi plangt, fir d’Prozeduren ze vereinfachen, déi et de Konsumenten erlaben, méi einfach Reklamatioune bei onberechtegten Transaktiounen ze deposéieren?

  3. Wat fir Informatiouns-Kanäl ginn entwéckelt oder verstäerkt fir d’Clienten direkt ze informéieren, wann esou systematesch Zwëschefäll bei Bezueldéngschter entstinn?

  4. Wéi eng Roll spillt d’CSSF bei der Koordinatioun mat aneren europäeschen Autoritéite, fir sécher ze stellen, dass d’Konsumenten europawäit gläichzäiteg a kohärent informéiert ginn?

  5. Ginn et Pläng fir eng national Informatiounsplattform ze schafen, déi d’Konsumenten iwwer hir Rechter bei Lastschrëften-Zwëschefäll informéiert an hinnen hëlleft, séier an einfach Reklamatiounen ze maachen?

  6. Wéi gëtt garantéiert, dass d’Banken zu Lëtzebuerg hir Clientë proaktiv iwwer esou Zwëschefäll informéieren an hinnen erklären, wéi si hir Konte kontrolléiere kënnen?

  7. Wat fir Mesurë ginn ënnerholl oder gi geplangt fir ze garantéieren, dass betraffene Konsumente séier Ersatz kréien, wann et zu onberechtegten Transaktioune komm ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2816

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene