keng Openthaltsgeneemegung trotz enger fester Aarbechtsplaz

Laut rezenten Informatioune vun der ASTI an der Passerell gëtt et eng Rei vu Fäll, wou Persounen trotz enger fester Aarbechtsplaz a reegelméissegem Akommes keng Openthaltsgeneemegung zu Lëtzebuerg kréien. Dës Situatioun schéngt e “Däiwelskrees” ze sinn, wou d’Betraffener trotz hire wesentlechen Efforten, sech an den Aarbechtsmaart ze integréieren, duerch administrativ Hürde blockéiert ginn. Dës Problematik ass besonnesch bedenklech, well se net nëmmen d’Liewensqualitéit vun de betraffene Persounen erofsetzen, mee och dem Aarbechtsmaart potentiell Aarbechtskräften entzitt, déi bereet sinn, zum wirtschaftlechen a gesellschaftleche Liewen zu Lëtzebuerg bäizedroen. D’Situatioun stellt och d’Kohärenz vun eiser Immigratiounspolitik a Fro, déi eigentlech d’Integratioun iwwer d’Aarbecht fërdere soll. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Fäll sinn dem Ministère bekannt, wou Persounen trotz enger fester Aarbechtsplaz keng Openthaltsgeneemegung kréien?

  2. Wat sinn déi heefegst administrativ oder juristesch Grënn, firwat Persounen trotz enger Vollzäitbeschäftegung keng Openthaltsgeneemegung kréien?

  3. Wéi eng konkret Mesuren huet de Ministère virgesinn, fir dës administrativ Hürden ofzebauen an de Prozess vun der Openthaltsgeneemegung ze vereinfachen?

  4. Gëtt et eng Evaluatioun vun der aktueller Praxis, fir ze garantéieren, datt d’Prozeduren am Aklang mat den Ziler vun der Integratiounspolitik stinn?

  5. Wéi eng Méiglechkeeten existéiere fir Persounen, déi sech an dësem “Däiwelskrees” befannen, fir eng Léisung fir hir Situatioun ze fannen, a wéi ginn dës Persounen doriwwer informéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2993

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene