Iwwerhuele vun Affekotskäschten duerch de Staat

Zënter 2016 ass de fréiere Generaldirekter vum Mudam an engem juristesche Sträit mat deemolege Mataarbechter vun RTL Lëtzebuerg, dorënner zwee Journalisten. Am Mäerz 2026 wäert et an d’Appelinstanz goen.
Zënter dem Ufank vun der Geriichtsaffaire sollen dem fréiere Generaldirekter seng Affekotskäschten am Kader vun dëser Affär aus der Staatskeess gedroe gi sinn. Dat goung aus verschiddenen Presseartikelen ervir:

“Den Enrico Lunghi kritt Ënnerstëtzung vum Staat, fir juristesch géint d’RTL-Mammenhaus CLT-UFA virzegoen. Den  nach-Mudam-Direkter huet eisen Informatiounen no gëschter Bescheed kritt, datt dës Ënnerstëtzung accordéiert gouf, sou wéi de Statut vum Staatsbeamnte se virgesäit. De Staat wäert also seng Affekotefraisen iwwerhuelen.” (100,7 vum 8ten Dezember 2016)

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi héich sinn déi bis elo vum Staat gedroe Käschten am Zesummenhang mat den Affekote vum Ex-Generaldirekter?

  2. Wat geschitt am Fall vun enger Néierlag vum fréiere Generaldirekter am Appel?
    Mussen an dësem Fall d’Affekotskäschte un d’Staatskeess zréckbezuelt ginn?

  3. Wéi ass et méiglech, dass den deemolegen Generaldirekter, deen a senger Funktioun als Mudamchef an dësem Zäitfënster kee Staatsbeamten war, trotzdeem d’Affekotskäschten iwwerholl krut ?        

  4. Wéi eng Bedingungen mussen erfëllt sinn, dass Staatsbeamten d’Affekotskäschten vum Staat virgestreckt an iwwerholl kréien? 

  5. Wéi vill Affekotskäschten goufen an de vergaangenen 10 Jore vum Staat iwwerholl?
    Wéi vill Demandë goufe refuséiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3127

Nofro

A menger Fro n°3127 wollt ech Informatiounen dozou, ënnert wéi enge Bedingunge Staatsbeamten d’Affekotskäschten vum Staat virgestreckt an iwwerholl kréien. Dëst am Kontext vun engem méi bekanntene Fall, wou den Ex-Generaldirekter vum Mudam Käschte virgestreckt krut. 

De Minister wollt zu dësem spezifesche Fall keng ëffentlech Ausso zu dësem Dossier maachen. Et geet hei awer net drëms, een eenzelnen Dossier ze bewäerten oder Stellung zur enger Justizaffaire a sengem Contenu ze huelen, mee dorëms, ob de Staat hei den Affekot bezilt. 

  1. Kann de Minister op mannst bestätegen, dass de Staat d’Affekotskäschten am Fall vum Ex-Generaldirekter virgestreckt huet?
  2. Kann de Minister bestätegen, dass de Staat d’Affekotskäschten am Fall vum Ex-Generaldirekter iwwerholl huet?Falls de Minister net dorobber äntwerte wëll, dann ass dovunner auszegoen, dass meng Informatioune stëmmen an de Staat bezilt den Affekot. 

CHD

n°3272

Zweet Nofro

n°3824

CHD

Wéi d’WORT an engem Artikel vum 18te Mäerz 2026 beriicht, sinn de fréieren MUDAM-Direkter zesumme mat senger Fra am Kader vun enger Geriichtsaffär zu enger Geld- a Prisongsstrof verurteelt ginn. 

Dës Affär ass indirekt gebonnen un eng aner Affär vun 2016, wou de fréiere Generaldirekter vum Mudam an engem juristesche Sträit ass mat Mataarbechter vun RTL. Bei dësem Prozess huet de Staat dem Ex-Mudam-Direkter seng Affekotskäschten iwwerholl a virausbezuelt. 

  1. Goufen d’Affekotskäschten vun dëser Affär vum Staat bezuelt oder iwwerholl?
  2. Goufen d’Affekotskäschten vun der Fra vum Ex-Mudam-Direkter vum Staat bezuelt oder iwwerholl?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene