Irregulär Ausbezuelung vum Zäitspuerkonto

Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou am Joer 2022 an 2023 een Direkter vun engem Gemengesyndikat jeeweils 500 Stonne vu sengem Zäitspuerkont (Compte épargne-temps; CET) ausbezuelt krut, also am Ganze ronn 1000 Stonnen.
Laut dem Artikel 9 vum Gesetz vum 1ten August 2018 portant fixation des conditions et modalités d’un compte épargne-temps dans la Fonction publique kënnen dës Stonnen nëmmen ausbezuelt ginn am Fall vun enger “cessation des fonctions”, wat hei net de Fall war.
Den Département du contrôle de la Comptabilité communale am Inneministère huet dëst och a senge Rapporten esou fest gehalen, dass d’Virgoensweis falsch ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister bestätegen, datt dës Ausbezuelunge gemaach goufen?
    Falls jo, op wéi enger gesetzlecher Basis ass dës geschitt, wa keng Cessation des fonctions virloung an ass dës Virgoensweis konform mam Artikel 9 vum CET?

  2. Wäert de Staat d’Suen, déi hei ausbezuelt goufen zeréck froen, wann d’Ausbezuelungen net konform waren?

  3. Wat sinn d’Konsequenzen fir ee Gemengesyndikat, wann den Contrôle financier vum Inneministère Feehleren oder Irregularitéiten feststellt? Hunn dës Feststellungen iergendee legale Wäert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3791

Bild mat KI generéiert

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene