Grenzkontrollen an Däitschland

RTL.LU schreift, dass bei de Grenzkontrollen, déi op der däitsch-lëtzebuergescher Grenz vun der däitscher Police gemaach goufen, zënter Juli ronn 600 Persoune festgeholl goufen, dës wéinst Passeurs-Aktivitéiten oder well dës Persoune gesicht waren. Weider sinn 869 Leit op der Grenz gestoppt an zeréck an de Grand-Duché geschéckt ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat goufen dës 869 Persounen net an Däitschland era gelooss an zeréck op Lëtzebuerg geschéckt?

  2. Wat ass mat deenen 869, déi erëm op Lëtzebuerg geschéckt goufen, gemaach ginn a sinn dës Leit nach um Lëtzebuerger Territoire?  Falls nee, wéi vill hu Lëtzebuerg verlooss?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2779

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene