gerecht
Léisunge
fir d'Duelem

Matenee fir eng Gemeng fir jiddereen

Mir setzen eis an, fir Transparenz, Moderniséierung a vill besser Liewensqualitéit an eiser Gemeng ze stäerken.

Mir sti fir méi Transparenz duerch d’Schafe vun engem Gemengebuet an duerch reegelméisseg Rapporte vun de Gemengerotssëtzungen.

Gläichzäiteg wëlle mir eng modern a professionell Gemeng mat besser adaptéierten Ouvertureszäite vun de Gemengeservicer. Den neie PAG soll endlech ofgeschloss ginn, fir Duelem zu enger transparenter a fairer Gemeng ze maachen. Ausserdeem setze mir eis fir bezuelbare Wunnraum an, fir datt d’Leit aus der Gemeng och hei kënne wunnen a bleiwen.

Eist Gemengeconseillère

Sonja Barthel (ép. Grainson)

Mäi Numm ass Sonja Barthel (ép. Grainson). Ech si bestuet a Mamm vun dräi erwuessene Kanner. Als Léierin engagéieren ech mech all Dag fir d’Bildung an d’Entwécklung vun de Jonken. A menger Fräizäit liesen ech gären, maachen Sport a sinn eng glécklech Muppemamm.

Als Mamm a Léierin läit mir besonnesch d’Wuel vun de Kanner an der Jugend um Häerz. Donieft géif ech mech och fir eventuell Fusiounsgespréicher asetzen, fir d’Zukunft vun eiser Gemeng aktiv a verantwortlech matzegestalten.

Kontakt

E-Mail: ahoi@piraten.lu

Telefon: +352 20 33 37