Gemeinsame Bataillon mat der Belsch

Déi belsch Regierung plangt, fir Zaldoten zu Bréissel an de Stroossen anzesetzen, fir de Problem vun der Waffegewalt zu Bréissel an de Grëff ze kréien. Den Informatiounen op rtbf.be no, soll dëst ab Abrëll 2026 geschéihen.  Lëtzebuerg wëll bis 2030 mat der Belsch ee gemeinsame Batailloun opbauen, an deem Lëtzebuergesch Zaldoten inkorporéiert sinn. Et besteet de Risiko, dass déi belsch Regierung Lëtzebuerger Zaldote kéint op Bréissel schécken, fir do ze patrulléieren.  Op der Website vun der Lëtzebuerger Arméi steht folgend Informatioun: “Le bataillon binational sera formé, équipé et capable d’effectuer un large éventail de missions, dans un cadre national, multilatéral, ou en appui à une organisation internationale ou régionale, telles que l’OTAN, l’Union européenne ou l’Organisation des Nations unies.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Dierften d’Lëtzebuerger Zaldoten, am Kader vum binationale Bataillon, fir esou Missiounen zu Bréissel oder an anere belsche Stied agesat ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2886

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene