Galileo Gebai um Belval

Wéi aus de Medieberichter ervirgeet, melle Studente, déi am Galileo Gebai um Belval wunnen, “onmënschlech” Zoustänn an hire Wunnengen. Dës Problemer, déi ënner anerem Stroumausfäll, Schimmel an Iwwerschwemmunge mat Exkrementer enthalen, bestinn trotz héije Loyer an iwwer eng méi laang Zäit, an déi betraffene Servicer (wéi Stroum a Waasser) sinn Deel vum Locatiounskontrakt. D’Situatioun ass besonnesch prekär, well et sech haaptsächlech ëm international Studenten handelt, déi op dës Wunnengen ugewise sinn.
De Quartier Belval, wou dëst Gebai steet, gouf vun der AGORA entwéckelt, enger Struktur, déi an engem Partenariat Public-Privé funktionéiert an un där de Lëtzebuerger Staat zu 50% bedeelegt ass. Dës staatlech Bedeelegung am Entwécklungsberäich vum Belval bréngt eng speziell Verantwortung mat sech, och wat d’Qualitéit vum Liewen an de Wunnengen ugeet, déi an dësem ëffentlech mat-entwéckelte Quartier entstinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat ass déi genee Roll vun der AGORA S.à r.l., respektiv vum Lëtzebuerger Staat a sengen Associéen, bei der Iwwerwaachung vun de Wunnengsqualitéiten an de Servicer a Gebaier, déi an deem vun hinnen entwéckelte Quartier Belval realiséiert goufen?

  2. Wien ass Besëtzer vun de Parzellen op deenen d’Gebai steet?

  3. Ass d’Regierung bereet, e spezifesche Mechanismus opzestellen, deen d’Qualitéit an d’Hygiènesnorme vu Loyer-Wunnenge fir vulnerabel Gruppen (wéi Studenten oder Saisonsaarbechter) garantéiert an duerchsetzt, onofhängeg vum Besëtzer vum Gebai?

  4. Ass d’Gebai an deem d’Problemer opgetruede sinn, iwwer de Wee vun engem staatleche Subside (z.B. Zënsbäihëllef, TVA-Tauxe, Investitiounshëllefen oder indirekt Subventiounen) bei sengem Bau oder fir seng Notzung als Studentewunneng ënnerstëtzt ginn, a wa jo, ëm wéi eng Zomm an ënner wéi enge Konditiounen?

  5. Wéi kann d’Regierung oder d‘Uni déi betraffe Studente beim Ufroe vun enger Loyer-Reduktioun oder bei de juristesche Schrëtt ënnerstëtzen? Dëst och well den Accueil vun internationale Studéierenden Deel vun eiser Visittekaart ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2966

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene