Am Abrëll 2024 hunn ech eng parlamentaresch Fro (N°588) iwwer d’Pensiounscotisatiounen fir Fonctionnairë gestallt. Mir hunn drop higewisen, datt Fonctionnairen am Géigesaz zu anere Leit net d’Méiglechkeet hunn, fräiwëlleg Cotisatiounen op Basis vun nëmmen 1/3 vum Mindestloun ze leeschten.
De 7. Mee 2024 huet de Minister geäntwert an unerkannt, datt bei der Modifikatioun ee Feeler geschitt war. Hien huet confirméiert, datt de Ministère fir sozial Sécherheet iwwersinn hat, datt dat Groussherzogleche Reglement vum 25. Juni 2009 “an der selwechter Logik hätt misse modifizéiert gi” fir dës Dispositiounen och op Fonctionnairen ze applizéieren. De Minister huet versprach, dës Modifikatiounen “esou séier wéi méiglech virzehuelen”.
Iwwert ee Joer no dem ministerielle Verspriechen, dës Ännerung “esou séier wéi méiglech” ze maachen, ass nach ëmmer näischt geschitt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Firwat ass iwwer ee Joer nom Verspriechen, dës Modifikatiounen “esou séier wéi méiglech” ze maachen, nach ëmmer näischt geschitt?
-
Wéini gëtt dat groussherzoglecht Reglement vum 25. Juni 2009 endlech modifizéiert fir dëse Feeler ze korrigéieren?
QP Nummer 2699