Forfaiten fir den Aidant informell

Eng fleegebedierfteg Persoun kann iwwert d’Assurance dépendance en Aidant informell fir doheem ufroen. Heivir ginn et verschidde Forfaiten, déi gestaffelt sinn no der Zäit, an där sech den Aidant all Woch ëm eng fleegebedierfteg Persoun këmmert. Den niddregste Forfait gesäit 12,50€ fir bis zu 61 Minutte pro Woch vir, de maximale Montant ass op 262,50€ pro Woch fir 541 Minutten oder méi limitéiert.

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°7696 vum 5ten Abrëll 2023 huet den deemolege Minister geäntwert: “Wat d’Geldleeschtungen ubelaangt, esou ass et geplangt nach dës Joer eng Upassung mat de betraffenen Acteuren unzeschwätzen an déi eventuell dann op den Instanzewee ze ginn (Upassung vum Code vun der “sozialer Sécherheet).”
Dës Forfaite sinn zënter dem 1te Januar 2018 gläich bliwwen a sinn och net un den Index gebonnen. An dëse 7 Joer sinn duerch d’Inflatioun awer d’Präisser hei am Land massiv geklommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat ass genee mat den Diskussioune mat de betraffenen Acteure geschitt, déi am Abrëll 2023 versprach goufen? Hunn dës Diskussioune stattfonnt? Wann d’Diskussioune stattfonnt hunn, wat waren d’Conclusiounen a firwat sinn d’Forfaiten deemools net geännert ginn  ?

  2. Ass geplangt, dës Forfaiten an de nächste Joren ze erhéijen?
    • Wa jo, fir wéini ass dëst geplangt?
    • Wa nee, firwat net?

  3. Ass geplangt, fir d’Forfaite fir den Aidant informell an Zukunft ze indexéieren?
    • Wa jo, wéini soll dat geännert ginn?
    • Wa nee, firwat net?

  4. Wéi vill Leit kréien de Moment Geldleeschtungen als Aidant informell, opgeschlësselt no den 10 Forfait-Niveauen?

  5. Wat wier de budgetären Impakt, wann dës Forfaiten ab 2025 indexéiert géife ginn?

  6. Ëm wéi vill Prozent ass de reelle Wäert vun dëse Forfaiten zënter Januar 2018 duerch d’Inflatioun erofgaangen?

  7. Erkennt d’Ministesch un, datt informell Aidanten effektiv eng bedeitend Reduktioun an hirer Entschiedegung iwwert déi lescht 7 Joer erliewen hunn?

  8. Wéi sinn déi Lëtzebuergesch Geldleeschtunge fir informell Aidanten am Verglach mat deenen an de Nopeschlänner (Belsch, Frankräich, Däitschland)?

  9. Huet d’Ministesch Donnéeën doriwwer, ob déi stagnéierend Entschiedegung zu engem Réckgang vun der Unzuel vun informellen Aidanten gefouert huet oder zu engem Wiessel en faveur vun engem professionelle Fleegeservice?

  10. Wéi en Impakt huet déi feelend Upassung op d’Fäegkeet vu Familljen, fleegebedierfteg Persounen doheem ze halen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3054

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene