Fly in good company

A fréiere parlamentaresche Froen (z.B. n° 481) hat ech  ëm Informatiounen iwwert d’Flich vun de Regierungsmemberen mat Privatjets gefrot an och geliwwert krut. Een Tageblatt-Artikel vum 11ten Oktober mam Titel “Economy oder Business” beriicht iwwert d’Fluchgewunneschten vun der Exekutiv a verschiddene Ministèren, wou ëfters Mol op d’Business-Klass zeréckgegraff gëtt, grad wa Regierungsmembere mat u Bord sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Euro goufen am Joer 2023, 2024 fir Fligerticketen ausginn, opgelëscht no Ministère? Wéi deelen sech dës Käschten op tëschent der Economy, Business an eventuell First-Class?

  2. Wéi vill Fliigerticketen goufen 2024 kaf, opgelëscht no Ministère?  Wéi deelen sech dës op tëschent der Economy, Business a First Class?

  3. Wéi eng Ministèren hunn an de leschte 5 Joren ee Privatjet fir ee Fluch genotzt? Fir wéi eng Fluchstreck war dëst (Depart & Arrivée); wat waren d’Käschte vum Fluch a wie waren d’Notznéisser (Ministère)?

  4. Kann d’Regierung d’Lëscht aus der parlamentarescher Fro n°481, mat all de Flich aus de leschten 2 Joren, fir déi ee Privatjet genotzt gouf, mat de Flich aus de Joren 2024 an 2025 aktualiséieren?

  5. Wéi oft sinn déi verschidde Regierungsmemberen an de leschten 3 Joren Business Class oder First-Class geflunn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3034

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene