Eis gouf zougedroen, dass verschidden Enseignanten am Fondamental op hire Materiallëschten fir d’Kanner spezifesch Produite vu bestëmmten an deiere Marke fuerderen, obwuel et vun anere Marke quasi identesch Produite ginn, déi däitlech manner oder souguer just e Brochdeel vum op der Lëscht gefuerderte Markeprodukt kaschten. Dës Praxis bréngt vill Familljen, déi finanziell manner gutt opgestallt sinn, an eng schwéier Situatioun, besonnesch wann et ëm méi Kanner an der Famill geet.
Wärend et verständlech ass, dass Enseignanten aus pädagogesche Grënn bestëmmte Standardfaarwen (zum Beispill blo, gréng, rout) bei Hefter oder Classeure virschreiwe fir méi Iwwersiicht ze schafen, geet et bei der Fuerderung no spezifeschen, deiere Marken ëm eng aner Saach.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ass dem Minister dëse Problematik bekannt an huet de Ministère schonn entspriechend Reklamatioune kritt?
-
Gëtt et aktuell Richtlinnen oder Recommandatioune fir Enseignanten iwwert d’Zesummesetzung vu Materiallëschten, fir ze vermeiden, dass spezifesch deier Markeprodukter gefuerdert ginn?
-
Wéi gedenkt de Minister ze garantéieren, dass d’Recht op Educatioun net duerch finanzielle Barrièren ageschränkt gëtt an dass all Kanner, onofhängeg vum soziale Status vun hirer Famill, Zougang zu all néidegem Schoulmaterial hunn?
-
Plangt d’Regierung fir déi nächst Rentrée eng Circulaire un d’Enseignante bezüglech dem Schoulmaterial ze maachen an eventuell nei Mesuren anzeféieren, fir dës Problematik ze léisen?
QP Nummer 2883