finanziell Schwieregkeeten trotz adequater Pensioun

Rezent Berichter weisen, dass eng wuessend Zuel vun eelere Leit zu Lëtzebuerg, trotz adequater Pensioun, finanziell Schwieregkeeten hu fir hiren Alldag ze finanzéieren. E konkrete Fall vun engem 75 Joer ale Pensionär aus dem Oste vum Land ënnersträicht dës Problematik, wou hien trotz enger gudder Pensioun riskéiert, seng Plaz am betreite Wunnen net méi bezuelen ze kënnen. Dës Situatioun ass besuergneserreegend a weist op e méi breede Problem hin: Déi steigend Liewenskäschten, besonnesch am Beräich vum betreite Wunnen, kënnen och Pensionäre mat relativ gudder Pensioun un hir finanziell Grenzen dreiwen. D’Komplexitéit vun den Zoustännegkeeten a Prozedure fir Hëllef ze kréien, schéngt dobäi eng zousätzlech Erausfuerderung fir eeler Leit ze sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persounen iwwer 70 Joer hunn an de leschten zwee Joer staatlech Hëllef ugefrot, well hir Pensioun net duergeet fir hir Grondkäschten ze decken, a wéi huet sech dës Zuel am Verglach zu de Jore virdrun entwéckelt?

  2. Wat fir Moossnamen huet d’Regierung virgesinn, fir sécherzestellen, dass eeler Leit mat adequater Pensioun net wéinst de steigende Liewenskäschten an d’Aarmut rutschen?

  3. Gëtt et Pläng fir d’Prozeduren ze vereinfachen, fir dass eeler Leit méi einfach Zougang zu finanzieller Ënnerstëtzung kréien, falls hir Pensioun net duergeet fir d’Käschte vum betreite Wunnen ze decken?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3260

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene