falsch Renseignementer vun der CNAP

Am Kader vun enger Reklamatioun beim Ombudsman ass et zu engem alarméierende Fall komm, wou d’Caisse nationale d’assurance pension (CNAP) net nëmmen eng gréisser Verzögerung beim Ausbezuele vun enger Altersrente verursaacht huet, mee och falsch Informatiounen iwwert de Statut vun enger Iwwerweisung ginn huet. E Bierger, deen sech am Ausland ophält, huet säi Certificat de vie agereecht. Nodeems d’CNAP dëst Dokument kritt huet, gouf him matgedeelt, datt d’Ausbezuele vun der Pensioun eréischt Enn November 2025 géif erfollegen. Wéi d’CNAP dem Ombudsman e Beweisstéck vun enger Iwwerweisung vum 19. November 2025 virgeluecht huet, huet sech erausgestallt, datt et sech nëmmen ëm en Optrag fir eng Iwwerweisung gehandelt huet, déi awer nach net gemaach gouf. De Bierger huet méi wéi 5 Schaffdeeg méi spéit eng Bestätegung vu senger Bank kritt, datt tatsächlech keng Iwwerweisung ukomm ass. Dës Situatioun huet fir de betraffene Bierger, deen sech am Ausland ophält, zu extrem schwieregen Ëmstänn gefouert: hie konnt seng Rechnungen net bezuelen an ass just mat Hëllef vun engem Frënd an der Lag gewiescht, fir sech mat dem Noutwendegsten ze versuergen. D’Verzögerung huet zousätzlech zu Strofzënse gefouert. Besonnesch problematesch ass, datt d’CNAP falsch Renseignementer un den Ombudsman ginn huet, andeems se dem Ombudsman eng Iwwerweisungsbestätegung virgeluecht huet, déi net der Realitéit entsprach huet. Dëst ënnergrueft net nëmmen d’Vertraue vun de Bierger an dës ëffentlech Institutioun, mee och d’Aarbecht vum Ombudsman.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat fir Moossname wäert d’Regierung huelen, fir sécherzestellen, datt d’CNAP korrekt an transparent Informatiounen iwwert de Statut vun Iwwerweisungen un d’concernéiert Bierger an un de Ombudsman liwwert?

  2. Wéi wäert d’Regierung garantéieren, datt Renten, no der Receptioun vun erfuerderlechen Dokumenter, ouni ongerechtfäerdegt Verzögerung ausbezuelt ginn, besonnesch fir Bierger am Ausland, déi op dës Suen ugewise sinn?

  3. Aus wéi engem Grond notzt d’CNAP net d’Méiglechkeet vun “Virements instantanés” (Direktiwwerweisungen), fir sécherzestellen, datt fälleg Renten direkt un d’Empfänger iwwerwise ginn?

  4. Plangt d’Regierung eng Iwwerpréiwung vun de Prozedure bei der CNAP, fir solch Feeler an der Zukunft ze verhënneren?

  5. Firwat musse Persoun, bei deenen erfuerderlech Piècë gefeelt hunn, bis zum nächsten Termin waarden, fir hir Pensiounen ausbezuelt ze kréien amplaz se direkt no Erareeche vun de Piècen auszebezuelen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3267

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene