Faillite vun enger Firma aus dem Filmfong

Wéi een an den Zeitungen noliese konnt, gouf d’Filmproduktiounsfirma Paul Thiltges Distributions Sàrl vum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg fir Faillite erkläert an ënnert ee Curateur gestallt.  D’Produktiounsfirma krut iwwert déi lescht 10 Joer ronn 20 Milliounen aus dem Filmfong ausbezuzelt, wann een d’Zuehlen aus dem Tableau vun der Äntwert vum Minister op meng parlamentarescher Fro n°3401 zesummerechent.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister präziséieren, wéi vill Mataarbechter vun dëser Firma vun der Faillite betraff sinn?

  2. Kann de Minister oplëschten, wéi vill Suen d’Produktiounsfirma insgesamt aus dem Staatsbudget krut, opgeschlësselt pro Joer a Subside?

  3. Huet dës Firma, geméiss dem Artikel 9 vum Gesetz vum 22te September 2014 iwwert de Filmfong,  hir Recetten un de Filmfong zeréckbezuelt a falls jo, wéi vill?

  4. War de Filmfong oder d’Regierung am Viraus vun den Demanden fir d’Subsiden iwwert déi finanziell Schwieregkeeten vun dëser Firma informéiert, a wann jo, huet dëst eng Roll gespillt?

  5. Kruten aner Societéiten, déi dem selwechte Beneficiare effectif vu Paul Thiltges Distributions Sàrl  gehéieren, och Subside vum Filmfong ausbezuelt? Falls jo, wéi eng a wéi vill iwwert déi lescht 10 Joren?

  6. Wéi ass d’Rechtslag betreffend de Auteursrechter vun de Filmer, déi d’Firma mat Hëllef vum Filmfong produzéiert huet, am Fall vun dëser Faillite gereegelt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3775

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene