Ëmweltimpakt vum Broyeur zu Aubange op d’Regioun

Zu Ibeng (Aubange) op der belsch-lëtzebuergescher Grenz huet eng Firma, déi an der Industriezon ee Recyclingsbetrieb exploitéiert, eng Demande un déi belsch Autoritéite gestallt, fir dierfe méi Mangan a Kuelestoff an d’Ëmwelt auszescheeden. An engem Artikel vum 27te Februar op tvlux.be kann ee liesen: “A Aubange, l’entreprise Ecore Belgium a introduit une demande de modification du permis d’environnement pour le broyeur à métaux qu’elle y exploite. La demande vise à permettre l’augmentation des valeurs limites d’émission de deux polluants. […] Ça nous inquiète pour la santé des riverains et l’ensemble des habitants d’Aubange… On a pu voir l’impact sur la santé que peuvent avoir ces broyeurs à métaux…  Il y a déjà un permis d’exploitation jusqu’en 2039. Il nous semble qu’il est préférable de s’en tenir à ces valeurs là, plutôt que d’augmenter les possibilités de pollution.” Esou eng Ännerung hätt och Ëmweltauswierkungen op déi lëtzebuergesch Grenzgemengen an doduerch op d’Gesondheet vun alle Leit an der Regioun.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Reegelen gëllen am Fall vun esou enger Demande bei eise belschen Noperen a wéi eng lëtzebuergeschen Autoritéiten sinn an dës Decisioun involvéiert a wéi?

  2. Wéi positionnéiert d’Regierung zu enger Erhéijung vun den Emissiounslimiten, wa se gesetzlech verhënnerbar ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3718

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene