Elittesportler:innen aus der Elittesportsektioun vun der Arméi

Et ass begréissenswäert, dass de Staat eis lëtzebuerger Elittesportlerinnen an Elittesportler mat den adequate Mëttel ënnerstëtzt. Sie vertrieden net nëmmen eist Land am Ausland, mee sinn och Virbiller fir eis Jugend. Nieft dem entspriechendem Recht op Congé sportif gesäit den Artikel 14 vum ofgeännerte Sportsgesetz vun 2005 8 weider Moossname fir, déi d‘Elittesportler:innen ënnerstëtze sollen. Laut Artikel 13 aus dem selwechte Gesetz viséiert den Term Elittesportler déi Athlet:innen, deenen hier sportlech Qualifikatioun esou vum COSL oder vum LPC unerkannt ass. Laut Artikel 74 vum Arméisgesetz muss Kandidat:innen, déi de Fräiwëllegendéngscht bei der Arméi als Elittesportler:innen well untrieden, och d’Krittäre vum Artikel 13 vum Sportsgesetz erfëllen. D’Decisioun, fir als Elittesportler:in an de Fräiwëllegendéngscht bei d’Arméi opgeholl ze ginn, läit bei der Verdeedegungsministesch, op Rot vum Sportminister, dem COSL an dem jeeweilege Verband. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Am Kader vun der leschter Ofännerung vum Sportgesetz ass zwar vill iwwert Definitioun vum Begrëff Elittesportler diskutéiert ginn, schlussendlech ass et allerdéngs bei der ursprünglecher Versioun aus dem Joer 2005 bliwwen. An sengem Avis zu der deemoleger Gesetzesvirlag huet de Staatsrot bemierkt, dass dës Definitioun no senge Begrëffer ze vague wier an et zu Kontestatioune komme kéint. Och gëtt et hei eng Diskrepanz tëscht Individualsport an Ekippesport.
    • Wéini ass een Ekippesportler Elittesportler?
    • Ass de Sportminister an enger nächster Ofännerung vum Sportsgesetz gewëllt, an Ofsprooch mam COSL am mam LPC, d’Definitioun an d’Qualifikatioun vum Begrëff vum Spëtzesportler ze präziséieren, wëssend dass souwuel den COSL wéi och den LPC Sportler:innen an engem Elittekader genannt hunn? Wann nee, firwat net?

  2. Kann de Sportminister een Tableau presentéiere mat den Elittesportler:innen pro Verband, déi aktuell eng vun de 7 Moossnamen aus dem Artikel 14 vum Sportsgesetz a Usproch huelen?

  3. Kënnen d’Ministeren eng Lescht präsentéiere vun alle Sportler:innen, déi aktuell an der Elittesportsektioun vun der Arméi sinn, mat der jeeweileger Federatioun?

  4. Un eis goufe Bedenken erugedroen, dass ëmmer méi jonk Talenter an d’Elittesportsektioun vun der Arméi opgeholl ginn.
    • Natierlech sollen a musse jonk Talenter am Lëtzebuerger Sport weiderhin ënnerstëtzt ginn, mä gesinn d’Ministeren hei net ee Widdersproch mat der Definitioun an der Qualifikatioun vum Begrëff Elittesportler?
    • Misst hei net am Sënn vun der juristescher Sécherheet a vun de Sportler:innen selwer nogebessert ginn an d’Krittäre fir an d’Elittesportsektioun vun der Arméi deementspriechend och ugepasst ginn, esou wéi och d’ALAD dëst säit Januar 2025 gemaach huet an dëst getrennt huet?

  5. Wéi gëtt dëst am Kader vum sougenannten „ grousse Médico“ gehandhaabt, deen de Staat zu 100% finanzéiert? Ginn do weiderhin d’Elittesportler:innen aus den Elittekadere vun COSL an LPC betreit an och d’Sportler:innen aus der Elittesportsektioun vun der Arméi? 

  6. Kënnen d’Ministere präziséieren, wéini eng Elittesportler:innen d’Elittesportsektioun vun der Arméi verloosse muss?
    • A wéi engem Zäitraum muss dëst geschéien?
    • Gëtt et hei Ënnerscheeder tëscht Individualsportler an Ekippesportler?

  7. Wär dat och de Fall, wann den Athlet als Profi ee gewëssene Seuil vu Revenu géif iwwertreffen? Wa jo, wéi héich ass dëse Revenu a wou ass dëse Montant festgehalen?

  8. Muss ee Sportler aus der Elittesportsektioun austrieden, wann en déi sportlech Zieler am Ausland net areecht huet an erëm zréck op Lëtzebuerg an ee Veräi kënnt?
    • Wann nee, gesinn d’Ministeren hei net ee Probleem mat der Chancëgläichheet?
    • Wat sinn d’Méiglechkeete fir dës Sportler:innen am Beräich vun der Arméi?

  9. Aus evidente Grënn kënne keng Elittesportler:innen vum LPC an d’Elittesportsektioun vun der Arméi opgeholl ginn. Fir dës, an och anerer, déi de Wee an d’Arméi net wëllen ugoen, géif sech dann déi sougenannten zivil Karriär ubidden. Dëst soll laut Aussoe vum Sportminister net a Konkurrenz mat der Elittesportsektioun vun der Arméi sinn.
    • Wëssend dass et hei scho säit längerem Iwwerleeungen am Conseil supérieur du Sport gi sinn, wou sinn hei d’Aarbechten drun?
    • Ass virgesinn, dass Elittesportler:innen an dësem Sënn an de geplangten IPESS integréiert ginn als Complément zu der Elittesportsektioun an der Arméi?

  10. Laut Aktivitéitsrapport vum Sportsministère sinn am Joer 2024 insgesamt 275.000 € u 27 Athleten aus der Elittesportsektioun vun der Arméi gaangen.
    • Aus wat genau bestinn dës Ausgaben a wéi ass dës Ënnerstëtzung opgedeelt?
    • Sinn änlech Ausgaben un aner Elittesportlerinnen an Elittesportler gaangen am Sënn och vum Gläichheetsprinzip?
    • Wa jo, kënnen do d’Ministeren déi néideg Präzisioune ginn an op wéi enger gesetzlecher a reglementarescher Basis dëst fundéiert ass?

  11. Mam groussherzogleche Reglement vum 18. Juli 2025 iwwert d’Aschreiwungsmodalitéiten fir d’Opnam als fräiwëllegen Zaldot ass säit dem 4. August 2025 dat groussherzoglecht Reglement vum 28. August 1997 iwwert d’Elittesportsektioun an der Arméi ofgeschaaft an domadder dann och déi reglementaresch Basis fir de Staat, fir verschidden Onkäschte vun den Elittesportler:innen an der Arméi  ze iwwerhuelen.
    • Wéi gedenken d’Ministeren elo hei virzegoen – op wat fir enger Basis wäerten d’Arméisportler:innen respektiv dann och aner Elittesportler:innen verschidde Käschte vum Staat zréckbezuelt kréien?
    • Gedenken d’Ministeren dëst, esou wéi d’Verfassung dat virgesäit a gesetzlechen a reglementaresche Kader festzehalen?
    • Kann de Staat ënnert dësen Ëmstänn weider Ausgaben ënnerhuele, wëssend dass eleng fir d’Elittesportler:innen an der Arméi am Budget vum Joer 2025 352.000 € virgesi sinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2983

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene