Ëffentlech Ausschreiwung fir den Transport beim ONA

Den Office national de l’accueil (ONA) greift op privat Transportentreprisen zeréck, fir Asyldemandeurs d’asyle a BPIen hei am Land tëschent de Flüchtlingsfoyeren, Geriichter a Verwaltungen ze transportéieren. Den ONA huet d’Petitiounskommissioun informéiert, dass et heizou eng ëffentlech Ausschreiwung (Marché public) gouf mam Numm « Service de transport professionnel de personnes par route pour le compte de l’Office national de l’accueil ».

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ënnert wéi enge(n) Referenznummer(en) ass dës Ausschreiwung um Portail vun de Marché publics ze fannen? 

  2. Wéi eng Firma/Firmen kruten den ëffentlechen Optrag?

  3. Wat ass de Budget vun dëser Ausschreiwung?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3596

*Bild gouf ma KI erstallt.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene