E-Scooter & Sécherheet op de Stroossen

An de leschte Joren hëlt d’Zuel vun de E-Scooteren am ëffentleche Stroosseverkéier staark zou. An der Äntwert op meng vireg Fro n°2608 hat Mobilitéitsministesch erkläert, datt d’E-Scooteren am Code de la Route definéiert wieren an ënnerscheet gëtt tëschent Gefierer, déi als Micro-véhicule électrique gëllen, oder an d’Kategorie vum 50-Kubikmoto (50cc) falen. Et ass eng positiv Entwécklung, allerdéngs ass et och esou, dass vill Leit d’Gefierer ouni Helm, ouni Führerschäin oder Kenntnisser vun de Stroossereegelen notzen. D’Ministesch schreift dozou: “Genee wéi um Vëlo, ass aus Sécherheetsgrënn vum Ministère recommandéiert en Helm unzedoen, mee dëst ass net obligatoresch.” Dëst féiert oft zu geféierleche Situatiounen, besonnesch wann E-Scooteren onerwaart op d’Strooss fueren oder d’Virfaart huelen. Et existéiert aktuell kee System fir d’Immatrikulatioun oder d’Versécherung vun de Gefierer, grad wann et sech ëm Micro-véhicules handelt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Accidenter mat E-Scootere goufen an de leschten dräi Jore vun der Police enregistréiert, a wéi héich war dobäi d’Zuel vu Blesséierten oder materielle Schied?

  2. Gedenkt d’Regierung, Verkéiersschoulungen, fir Fuerer vun E-Scooter ze maachen (z.B. ab 13 Joren), fir d’Verkéierssécherheet ze verbesseren?

  3. “Fir de Leit dat awer nach emol an Erënnerung ze ruffen, wäert analyséiert ginn ob eng vun den nächste Sensibiliséierungscampagne sech ëm Sécherheet vun den E-Scooteren dréie kéint.” Wéini wäert eng Sensibiliséierungscampagnen zum Thema E-Scooter gemaach ginn?

  4. Wéi steet d’Ministesch zur Iddi, fir ee System anzeféiere fir d’Immatrikulatioun vun E-Scooteren, fir am Fall vun Accidenter eng kloer Haftungsbasis ze schafen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3199

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene