M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, wie kennt et net? Et wëll een owes just nach séier e Message um Handy kucken an da stellt ee fest, datt een 30 Minutte méi spéit nach ëmmer drop hänkt. Et huet een nämlech nach séier d’Maile gecheckt, et huet een nach eng Ufro aus dem Büro, déi per Chat erakoum, beäntwert, jo, an déi Kalennerufro wollt een awer och net leie loosse bis den Dag drop.
Eis digital Outile sinn am Aarbechtsalldag eng grouss Hëllef, mee se bréngen eis och heiansdo derzou, méi Aarbecht no Feierowend mat heem ze huelen, wéi mer eigentlech geplangt hunn. An do hu mir De- putéiert nach déi grouss Chance, datt mir eis eege Cheffe sinn a ganz eleng derfir responsabel sinn, wéi mir mat eisen Handyen, Laptoppen, Tabletten a soss ëmginn. Vill Leit hunn déi Chance net. Si schaffe fir e Patron oder eng Patronne a mussen dann erreechbar sinn, wann de Superieur et erwaart – zumindest wa si net ëm hiren Job fäerte wëllen.
A verschiddene Beruffer sinn d’Zäiten, an deenen een disponibel muss sinn, well een eventuell geruff kéint ginn, ganz kloer gereegelt. Dofir gëtt et As- treinten, mee net an allen. Hei stellen da vill Aarbech- terinnen an Aarbechter sech d’Fro, ob si iwwer hiren Déngschthandy oder aner Moyenen ëmmer erreech- bar musse sinn: Wéi séier gëtt erwaart, datt een op e Message äntwert? Zu wéi engen Auerzäiten? Bis wéini an ab wéini muss ee per Telefon, E-Mail oder Chat erreechbar sinn? Wéi ass et, wann een Homeoffice huet? Muss d’Bull am Teamchat déi ganzen Zäit gréng bleiwen oder däerf se och emol giel ginn?
Wann dës Froen net gekläert ginn – an domat mengen ech kloer gekläert –, da kann dat e grousse Stressfacteur duerstellen. Wann een ni sécher ass, ob een elo wierklech eng Zäitchen net erreechbar dierf sinn, an ëmmer fäerte muss, wat da wär, wann een e Message géif verpassen, jo, da kann een net ofschal- ten. Dat betrëfft d’Zäit doheem, dat betrëfft awer och ëmmer méi d’Mëttespaus, déi am Gesetz kloer ver- ankert ass. Datt dat eng grouss Gefor fir déi mental, awer och kierperlech Gesondheet ass, dat muss ech sécherlech kengem méi erklären.
Mir Piraten ënnerstëtzen dofir de virleiende Projet, dee virgesäit, datt all Patronen a Patronnë mussen e klore Regimm opstellen, aus deem ervirgeet, wéini d’Employéen erreechbar musse sinn a wéini se vun hirem Droit à la déconnexion Gebrauch kënne maa- chen. Et ass en Text, dee fir all déi Betraffen derzou bäidroe kann, méi Kloerheet ze schafen, wann et drëms geet, den Handy och emol op d’Säit ze leeën an net nach séier dee Message ze beäntwerten.
An Zäiten, an deenen een ëmmer méi vernetzt ass, ass dëst Recht op Netvernetztsinn, d’Recht op Dekon- nexioun, vun essentieller Wichtegkeet, an dofir wäer- te mir dëse Projet haut natierlech matstëmmen.
Ech soen Iech Merci.