Drénkwaasserschutz bei Extremwiederkonditiounen

Den 12te September 2025 gouf bekannt, datt d’Drénkwaassernetz zu Stroossen no de staarke Reefäll vum 8te September kontaminéiert gouf. Laut Medieberichter sinn iwwer 10.000 Awunner betraff, an d’Gemeng huet missen d’Schoule mat Fläschewasser versuergen.

Dës Situatioun werft wichteg Froen op iwwer d’Sécherheet vun eise Waassernetzer am Fall vun Extremwiederkonditiounen, déi duerch de Klimawandel ëmmer méi heefeg ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng präventiv Moossname plangt d’Regierung ze huelen, fir d’Drénkwaassernetzer am Land géint zukünfteg Extremwiederkonditiounen ze schützen?

  2. Wat fir eng Kommunikatiounsstrategien a Noutfallpläng musse Gemengen applizéieren am Fall wou duerch grouss Wierderevenementer d’Krunnewaasser an enger Uertschaft verschmotzt ass?

  3. Ginn et Virschrëften innerhalb vu wat fir engem Zäitraum nom feststelle vun enger Verknaschtung Strukture mat besonnesch vulnerabele Persounen, wéi zum Beispill Crèchen, Alters- a Fleegeheemer oder generell Ënnerbréngungsstrukturen, mussen informéiert ginn?

  4. Firwat ginn a Fäll, wou d’Drénkwaasser a enger Gemeng verknascht ass, net op d’Opbereedungsanlage vun der Arméi zréckgegraff?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2902

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene