Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

D’Pirate wëllen ee generelle Congé fir de Bénévolat ze fërderen!

Wärend dem Debat iwwert d’Covid-19-Pandemie hunn d’Piraten eng Motioun agereecht, fir déi aktuell Congéen zum Benevolat ze bewäerten. An engem nächste Schrëtt wëlle mir ee generelle Congé fir de Benevolat opstellen.

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • D‘Coronapandemie weist, wéi wichteg e Reseau un engagéierte Benevolle fir eis Gesellschaft ass ;
  • D’gesellschaftlecht Engagement ass eent vun de Fundamenter vun der gesellschaftlecher Kohesioun an dem gesellschaftleche Liewen am Allgemengen a muss unerkannt a gewäertschätzt ginn;
  • Eist Land brauch a Betruecht vun de groussen Defien, déi eis bevirstinn, eng staark Zivilgesellschaft, engagéiert Veräiner, Associatiounen a Benevollen ;
  • Vill Reuniounen a Concertatiounen am Benevolat fanne wärend de regulären Aarbechtszäite statt, wat d’gesellschaftlecht Engagement erschwéiert ;
  • Et bestinn elo scho verschidde Méiglechkeeten, fir am Kader vu verschidden Aktivitéite vu senger Aarbecht fräigestallt ze ginn (z.B. am Beräich Sport, Kooperatioun oder Services de secours, etc.);
  • Lokalpolitiker profitéiere vun engem gesetzlech encadréierte Congé politique ;
  • D’gesellschaftlecht Engagement kéint an der Form vun engem Congé gefërdert ginn.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. e Screening vun de bestoende Congéen ze maachen.
  2. ze evaluéieren, ënnert wéi enger Form een dës Congéë kéint regruppéieren an méi breet accessibel maachen.
  3. der Chamber ee Rapport vum Screening an der Evaluatioun ze presentéieren.

Dës Motioun gouf den 11.02.2021 an der Aarbechtskommissioun behandelt. Se gouf vun dëser dunn an d’Familljekommissioun verwisen an ass do den 28.09.21 behandelt ginn. D’Familljeministesch huet erkläert, dass eng Enquête zum Benevolat zu Lëtzebuerg um Lafe wier, an dass dës viraussiichtlech Enn des Joers soll ofgeschloss sinn.

Am Mäerz 2022 goufen dunn d’Resultater vun der Enquête presentéiert. Mir Pirate fannen, dass dës Enquête eng gutt Basis ass, fir d’Congéen un d’Realitéite vun haut unzepassen an hunn eis Motioun domat als ofgeschloss deklaréiert. 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll