Mir goufe Fäll zougedroen, bei deem Dierwiechter (Huissier de justice) zesumme mat der Police a Wunnengen eragaangen sinn an d’Schlass gewiesselt hunn, ouni datt d’Proprietaire virdrun informéiert goufen. D’Fäll hu de Locatairë betraff. Een Dierwiechter muss a senger Funktioun Justizentscheedungen duerchsetzen. Et stellt sech allerdéngs d’Fro vun der Proportionalitéit, wéi dës Moossnamen ëmgesat ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Dierf een Dierwiechter een Dierschlass a sengen Interventiounen wiesselen?
Dierf een Dierwiechter dat och, wann d’Wunneng enger anerer Persoun gehéiert, déi net vun der Justizentscheedung betraff ass?
QP Nummer 3800