Ausnotze vun Déieren an der Heescherei

Ëmmer erëm gesäit een op eise Stroossen Mënschen, déi mat hirem Hausdéier op der Strooss liewen. Fir vill vun dëse Mënschen ass d’Hausdéier hiren eenzeg richtege Weggefährte an eng wichteg moralesch Stäip. Fir dës Leit sinn hir Déieren hir Famill. Et ginn awer och där Leit, déi Déiere skrupellos ausnotzen, fir esou duerch Heescherei Geld ze maachen. Eng Déiereschutzorganisatioun beriicht op de soziale Medien dovunner, dass Hënn vun hirem “Meeschter” mësshandelt ginn. D’Hënn sinn zwar heiansdo an der EU gechippt, mee se sinn a kengem System ugemellt, soudass net kloer ass, wien de Proprietär vum Déier ass. D’Police kéint awer hei net agräifen, well et am Déiereschutzgesetz keng Dispositioune géife ginn, fir d’Déieren aus hirem Misär eraus ze kréien.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn d’Ministeren doriwwer informéiert a stëmmt et, dass der Police an esou Fäll, wéi uewe beschriwwen, d’Hänn gebonne sinn? 

  2. Erlaabt déi aktuell Gesetzeslag, fir een Déier, wat ausgenotzt an/oder mësshandelt gëtt, ze konfiszéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2771

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene