An engem Artikel vum Tageblatt vum 10. Dezember 2025 gëtt iwwert desolat Wunnzoustänn an der Stad Lëtzebuerg bericht, wou Locatairen am sougenannte “Café Lakert” zanter Méint ouni Stroum a Waasser liewen. Obwuel d’Locatainen hir Loyere bezuelt hunn, gouf de Stroum ofgeschalt, well de Bailleur (den Haaptlocataire, eng S.àr.l.) d’Rechnungen net beglach huet an net méi opzefannen ass. Dëst ass geschitt, obwuel de Minister fir Energie an der Vergaangenheet betount hat, dass vulnerabel Clienten net vum Netz geholl däerfe ginn. Well de Stroumvertrag awer iwwert eng Gesellschaft leeft, gräift dëse Schutzmechanismus fir déi betraffe physesch Persounen anscheinend net.
Weider geet aus dem Artikel ervir, dass e Geriichtsurteel vum Juli, dat d’Restauratioun vum Stroum ugeuerdent huet, net konnt ëmgesat ginn, well de Bailleur ënnergedaucht ass. D’Schäffin vun der Stad Lëtzebuerg gëtt an dësem Kontext zitéiert, dass all Joer ronn 100 Leit an der Stad op eng änlech Manéier aus hire Wunnenge verdriwwe ginn, an dass déi stättesch Noutlogementer (800 Better) komplett besat sinn. Dëse Fall illustréiert eng systeemesch Problematik vu “Kaffeezëmmeren”, komplexe Sous-Locations-Ketten an engem mangelhafte Schutz vu Locatairen a prekäre Situatiounen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Fäll vun illegale “Kaffeezëmmeren” oder net konforme Wunnengen iwwert Gastronomiebetriber goufen an de leschten zwee Joer vum Service de police administrative et du commerce oder anere staatlechen Instanze festgestallt?
-
Wéi positionéiert sech de Ministère fir Energie zu der Lück an der Gesetzgebung, dass vulnerabel Persounen, déi an enger Sous-Location wunnen, de Stroum ofgeschalt kréien, wann den Titulaire vum Kont (dacks eng moralesch Persoun oder de Bailleur) seng Rechnungen net bezilt, a wéi gedenkt d’Regierung dëst ze behiewen?
-
Wéi eng legal Méiglechkeeten hunn d’Autoritéiten, fir d’Versuergung mat liewenswichtege Ressourcen (Waasser, Stroum, Heizung) séier ze garantéieren, wann e Geriichtsurteel virläit, de Bailleur awer net erreechbar ass oder sech weigert, dem Uerder nozekommen?
-
Ass geplangt, d’Gesetzgebung iwwert d’Sous-Location ze verschäerfen, speziell fir d’Zwëscheschalten vu kommerzielle Gesellschaften (wéi S.àr.l.) ze reguléieren, déi Wunnraum u vulnerabel Persoune weiderverloune fir sech der direkter Responsabilitéit als Bailleur ze entzéien?
-
Wéi gedenkt d’Regierung, ugesiichts der Ausso, dass d’Noutlogementer an der Stad Lëtzebuerg saturéiert sinn, kuerzfristeg Kapazitéiten ze schafen, fir Mënschen, déi akut duerch onbewunnbare Wunnraum ob der Strooss landen, opzefänken?
-
Kann d’Ministesch fir Justiz confirméieren, ob et Pläng gëtt, fir d’Prozedure bei “insalubrité” oder Gefor a Verzug ze beschleunegen, fir dass Locatairen net, wéi an dësem Fall, Méint laang ënner mënschenonwierdege Bedéngungen an ouni Heizung am Wanter liewe mussen?
QP Nummer 3342