An der Sëtzung vun der Justizkommissioun vum 25. September 2025 goufen d’Vertrieder vum Conseil de l’Ordre des Avocats zu de geplangte Modifikatioune vum Code pénal a Code de procédure pénale gehéiert, besonnesch am Kader vun der Mini-Instruktioun. D’Diskussioun huet sech haaptsächlech ëm d’Effikassitéit vun de Prozeduren an d’Garantie vun den Droit de la Défense gedréit. D’Affekoten hu Bedenken iwwer d’Implicatioune vun der erweiderter Mini-Instruktioun op de Contradictoire geäussert, notamment wat den Zougang zum Dossier ugeet.
E wesentleche Punkt, dee vum Conseil de l’Ordre an deem Kontext ugeschwat gouf, betrëfft den Zäitraum tëscht der Citatioun an der Audienz (“délai de citation”) virun der Juridiction du fond, deen am Code de Procédure Pénale op aacht Deeg miniméiert ass, an deen doduerch keng korrekt Virbereedung vun der Verdeedegung erlabe géif. An der Sëtzung vum 9. Oktober vun der Justizkommissioun hu Vertrieder vum Parquet dëst nuancéiert a vu méi laangen Delaien an der Praxis geschwat. Eng statistesch Analys vum délai de citation a Relatioun zu der juridiction compétente wier entscheedend, fir d’Effizienz vum aktuelle System genee aschätzen ze kënnen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi eng statistesch Donnéeë leie vir iwwer den duerchschnëttlechen Zäitraum tëscht dem Emissiouunsdatum vun enger Citatioun an dem Datum vun der éischter Audienz (“délai de citation”) pro Juridiction du fond (Tribunal d’arrondissement, Cour d’appel) an de leschte fënnef Joer (2020-2024), ënnerdeelt no Prozedurtyp (Mini-Instruktioun versus klassesch Instruktioun)?
-
Gëtt et analytesch Donnéeën iwwer d’Zuel vun de Rapporte vun Affäre virun de Juridictions correctionnelles an de leschte fënnef Joer, bei deenen d’Ursaach fir de Rapport en ze kuerzen “délai de citation” war, wéi d’Affekotevertrieder an hirer Auditioun ugeschwat hunn?
QP Nummer 3011