Den 2. September 2024 koum et zu engem trageschem Frontalzesummestouss op der N15 tëschent Feelen a Heischent, bei deem fënnef Mënschen ëm d’Liewe komm sinn. Dësen Accident gëtt als dee schlëmmste Verkéiersaccident zu Lëtzebuerg zënter Joerzéngte beschriwwen. No Informatiounen aus der Press ass d’Ursaach nach ëmmer onkloer.
Dëst ass net den éischten déidlechen Accident op dëser Plaz: Schonn am Dezember 2020 ass hei ee Mënsch gestuerwen. D’Statistiken aus dem Rapport vun der Administration des enquêtes techniques (AET) weisen, datt 2024 insgesamt 18 Accidenter mat 18 Doudesfäll op de lëtzebuergesche Stroossen ze bekloe waren, dovunner 9 mat Motocyclisten. D’N15 an aner Nationalstroosse representéieren e bedeitenden Undeel vun den Accidenter, dëst zum Deel aus Infrastrukturgrënn, well et u Glissièren oder adequate Sécherheetsmesurë feelt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi eng spezifesch Analyse vun der Sécherheet op der N15 huet d’Regierung an de leschte fënnef Joer duerchgefouert, besonnesch op der Plaz ëm Feelen, wou schonn 2020 een déidlechen Accident geschitt ass, a wat waren d’detailléiert Resultater dovunner?
-
Plangt d’Regierung Infrastruktur-Mesuren op der N15 ze huelen, fir d’Sécherheet ze verbesseren – besonnesch wat d’Placéiere vu Glissièren ugeet, sou wéi et vun der AET recommandéiert gëtt?
-
Gëtt et eng detailléiert statistesch Analys iwwer d’Verhältnis vun Accidenter op der N15 am Verglach mat aneren änlechen Nationalstroossen (N3, N4, N7, N12, N13) wat d’Verkéiersopkommes an de Mortalitéitstaux ugeet?
-
Wéi eng Koordinatioun existéiert tëschent der Police, der AET an dem Groupe de travail “Audit de sécurité” fir esou dramatesch Accidenter z’analyséieren an ze verhënneren, a wat sinn déi konkret nächst Schrëtt?
-
Plangt d’Regierung eng national Campagne fir d’Sensibiliséierung iwwer d’richtegt Verhalen op Nationalstroossen, nodeems d’AET-Statistike weisen, datt “Franchissement de la ligne médiane” ee vun de heefegste fatale Faktoren (24 Fäll tëschent 2018-2024) bei Motocyclist-Accidenter ass?
QP Nummer 2830