Cybersécherheet zu Lëtzebuerg

D’POST-Cyberattack muss am Kontext vun enger Well vu koordinéierten Attacken op europäesch Telekommunikatiounsoperateuren gesi ginn. An de leschte Méint goufen änlech Attacken op verschidde bedeitend Operateuren an eisen Nopeschlänner dokumentéiert, dorënner BT, EE a Vodafone a Groussbritannien, Orange a Frankräich a Proximus an der Belsch. Dëst weist op eng méiglech systematesch Campagne hin, déi op europäesch Telekommunikatiounsinfrastrukturen ziilt. Dës Entwécklung wërft souwuel fundamental Froen iwwer d’national Sécherheet zu Lëtzebuerg op, souwéi och iwwer eise Bäitrag zur europäescher Cyber-Resilienz. Als Member vun der NATO an der EU hu mir eng Responsabilitéit, net nëmmen eis eege kritesch Infrastrukturen ze schützen, mee och zur kollektiver Sécherheet bäizedroen. D’Analyse vun dësen internationale Muster ass essenziell fir eis national Cybersécherheetsstrategien unzepassen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi bewäert d’Regierung de Fakt, datt an engem kuerzen Zäitraum souwuel Operateuren zu Lëtzebuerg, a Groussbritannien, a Frankräich an an der Belsch vu Cyberattacke getraff goufen?

  2. Ginn et Indicatiounen, datt dës Attacke koordinéiert oder vun der selwechter Acteursgrupp duerchgefouert goufen?

  3. Wéi eng Informatiounen deelt Lëtzebuerg mat eisen NATO- a EU-Partneren iwwer dës Attacken?

  4. Huet d’Regierung e spezifeschen Threat Assessment iwwer déi aktuell Cyberbedrohungen fir eisen Telekommunikatiounssecteur gemaach?

  5. Wéi coordonéiert sech de Service de Renseignement mat internationale Partner fir dës systematesch Bedrohungen ze analyséieren?

  6. Ginn et Pläng fir d’national Cybersécherheetskapazitéiten ze verstäerken, wéi zum Beispill d’Schafung vun enger spezialiséierter Cyber-Eenheet?

  7. Wéi gesäit eise Bäitrag zu europäeschen oder NATO Cyber-Defense-Initiativen aus?

  8. Huet d’Attack op POST eisen nationale Contingency-Plang fir Cyberattacke beaflosst, a ginn et Updates?

  9. Wéi bereet ass Lëtzebuerg fir eng eventuell eskaléiert Cyberbedrohung, déi méi grouss Deeler vun eiser kritescher Infrastruktur betrëfft?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2746

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene