Cooling-Off-Period fir Staatsbeamten

Fro n°303

CHD

Här President,

Am Kader vun der Froestonn vum 19te Januar 2026 wéilt ech dem Minister fir Ëffentlechen Déngscht eng mëndlech Fro stellen.

Den Artikel 12 vum Fonctionnairesstatut gesäit vir, dass Staatsbeamt:innen keng Interessekonflikter dierfen hunn. Engem Fonctionnaire ass et u sech net erlaabt, niewebäi enger anerer Aktivitéit nozegoen a falls en dat mécht, brauch een dofir d’Erlabnis vum Minister an d’Aktivitéit dierf natierlech keng Auswierkung op seng Funktioun hunn. 

A verschiddenen Staatsdéngschter existéiert och eng Cooling-off-Period, wou nei Beamt:innen wärend enger Zäit net op Dossiere schaffen dierfen, déi mat hirem ale Patron ze dinn hunn. Esou zum Beispill bei der CSSF.

Et kënnt ëmgedréint och vir, dass Persounen aus dem Staatsdéngscht austrieden an am Privatsektor op enger neierr Aarbechtsplaz ufänken oder eng Firma grënnen. Mir ass ee Fall bekannt, wou eng Persoun, déi fréier an enger Verwaltung an der Direktioun geschafft huet, elo am Privatsektor op enger Direktiounsplaz an enger Firma ugefaangen, déi ee staarke Bezuch a vill Iwwerschneidungen mat senger aler Funktioun am Staatsdéngscht huet. Et besteht ee potenziellen Interessekonflikt.Dës Weideren huet dës Firma ëffentlech Ausschreiwungen beim Ministère an der rezenter Vergangenheet krut. 

Fir d’Ex-Regierungsmemberen sinn, fir esou Fäll, Reegele virgesi mam groussherzogleche Arrêté vum 14te Mäerz 2022.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Existéiert eng Cooling-Off-Phase fir Staatsbeamten, wann een nom Staatsdéngscht eng nei Aktivitéit ufänkt?
    • Falls jo, wéi eng Base légale existéiert heizou?
    • Falls nee, wäert d’Regierung eng aféieren?
  2. Sinn och d’Conseilleren an d’Sekretären, déi am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement genannt sinn, vu Cooling-Off-Reegelen betraff?
  3. Sinn héich Staatsbeamten, wéi Direkteren vu Verwaltungen, vun enger Cooling-Off-Phas betraff, wa se no hirer Demissioun eng nei Aktivitéit ufänken?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene