CNAP ass net ze erreechen

An de leschte Méint hunn sech d’Plainte vu Bierger iwwert déi extrem schlecht Erreechbarkeet vun der Caisse nationale d’assurance pension (CNAP) gehäift. Vill Persoune bekloen sech, dass et quasi onméiglech ass, telefonesch un d’CNAP ze kommen, E-Maile systematesch onbeäntwert bleiwen oder souguer ageschriwwe Bréiwer respektiv E-Recommandéë, déi mat zousätzleche Käschte verbonne sinn, net ugeholl ginn.
Dës Situatioun ass besonnesch problematesch, well et sech ëm eng ëffentlech Verwaltung handelt, déi wichteg Leeschtunge geréiert a mat där d’Bierger mussen dacks dréngend Froen oder Problemer kläre kënnen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch méi detailléiert iwwert dës systematesch an unhalend Kommunikatiounsproblemer bei der CNAP informéieren?

  2. Wéi erkläert d’Ministesch, dass souguer ageschriwwe Bréiwer oder E-Recommandéë vu Bierger net ugeholl ginn?

  3. Wéi eng konkret Moossname gedenkt d’Ministesch ze huele fir d’Erreechbarkeet an d’Reaktivitéit vun der CNAP ze verbesseren?

  4. Gëtt et Pläng fir zousätzlech Personal anzesetzen oder d’intern Prozeduren ze optimiséieren?

  5. Wéi gedenkt de Ministère sécherzestellen, dass d’Bierger an Zukunft bannent engem akzeptabelen Delai eng Äntwert op hir Ufroe kréien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3018

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene