Chômage zu Lëtzebuerg

Een Artikel der Fondation IDEA vum 27te Januar 2026 weist op Basis vun ADEM-Zuelen, dass et zënter dem Amtsuntrëtt vun dëser Regierung am Dezember 2023 eng allgemeng Hausse vum Chômage zu Lëtzebuerg gouf. Opfalend ass, datt d’Zuel vun de Chômeure mat lëtzebuergescher Nationalitéit  ëm ronn 25 % geklommen ass. Dës Hausse läit iwwert där vu Chômeuren aus Drëttstaaten (+23 %) a wäit iwwer där vu Chômeuren aus aneren EU-Memberstaaten (+6 %).

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi erkläert de Minister dës disproportionell Hausse vum Chômage bei Persoune mat lëtzebuergescher Nationalitéit zënter Dezember 2023? 

  2. Wéi vill Laangzäitchômeure sinn an dësen Zuelen enthalen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3624

Zesummenhang posts

Den Doud vun engem Zuchführer a Rheinland-Pfalz no engem gewalttätegen Ugrëff am Kader vun enger Ticketkontroll huet d’Fro vun der Sécherheet am ëffentlechen Transport
Viru Kuerzem gouf de Streckeverlaf vun der Linn 7 vum TICE geännert an d’Buslinn fiert elo net méi laanscht de Centre hospitalier Emile Mayrisch