Centres de compétences

Mam Gesetz vum 20 Juli 2018 “portant création de Centres de compétences en psychopédagogie spécialisée en faveur de l’inclusion scolaire” goufen d’Missioune vun 8 centre de compétences festgeluecht. Nodeems dës Zentre elo wärend engem éischte Schouljoer Kanner en Charge geholl hunn, wier et gutt, mat Hëllef vun enger Rei Zuelen en éischte Bilan ze zéien.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Bildungsminister dës Froe gestallt:

  • Wéi vill Kanner hunn wärend dem Schouljoer 2018/2019 vun de Centre de compétences profitéiert (opgeschlësselt no Zentrum)?
    Wéi vill vun dëse Kanner sinn iwwert de CDSE aus der regulärer Schoul erausgeholl ginn?
    Wéi vill Kanner hunn hier Rentrée 2019 an engem Centre de compétence gemaach (opgeschlësselt no Zentrum)?
  • Wéi vill Personal gouf am Laf vum Schouljoer 2018/2019 fir d’Centres de compétences rekrutéiert?
    Wéi vill Persoune goufe fir d’Rentrée 2019 rekrutéiert?
  • Wéi eng Diplomer a Qualifikatiounen si gesicht ginn (opgeschlësselt no Unzuel vun de Posten an Zentren)?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt