Central Northern European Military Mobility Area

Wéi rezent aus de Medieberichter ervirgaangen ass, huet Lëtzebuerg zesumme mat siwe weideren europäesche Länner – Däitschland, Holland, Polen, Litauen, der Belsch, der Tschechescher Republik an der Slowakei – d’Initiativ “Central Northern European Military Mobility Area” (CNE MMA) lancéiert. Dës nei Kooperatioun baut op dem “Military Mobility Corridor” op, deen am Joer 2024 vun Däitschland, Holland a Polen initiéiert gouf. D’Haaptzil vun dësem Accord ass et, eng effizient europäesch Mobilitéitszon ze etabléieren, fir am Eeschtfall Truppen a militärescht Material méi séier iwwer d’Grenzen ewech verleeën ze kënnen. An dësem Kontext sollen net nëmme logistesch Barrièrë bannent der EU an der NATO ofgebaut ginn, mee et sollen explizit och juristesch an administrativ Prozedure vereinfacht ginn, fir d’Verdeedegungspositioun ze stäerken.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng konkret legislativ oder reglementaresch Ännerunge sinn zu Lëtzebuerg néideg, fir déi am Kader vun der CNE MMA virgesi Vereinfachung vu juristeschen an administrativen Demarchen ëmzesetzen?

  2. Gëtt et en Zäitplang, bis wéini dës eventuell néideg Gesetzesupassungen ausgeschafft an dem Parlament virgeluecht solle ginn?

  3. Huet dësen Accord Auswierkungen op d’national Infrastruktur (Stroossen, Brécken, Schinnen), a mussen hei technesch Upassunge gemaach ginn, fir den Transport vu schwéierem militäreschem Material ze garantéieren?

  4. Wéi gëtt d’Koordinatioun mat den Nopeschlänner, speziell mat der Belsch an Däitschland, séchergestallt, fir eng nahtlos Grenziwwerschreidung ze garantéieren?

  5. Mat wéi enge finanziellen Auswierkunge rechent de Ministère fir d’Ëmsetzung vun dëser Initiativ?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3229

Zesummenhang posts

D’Erënnerung un d’Evenementer an d’Affer vum Zweete Weltkrich, besonnesch un d’Shoah, ass e fundamentalen Deel vun eiser nationaler Verantwortung. Den 80. Joresdag vun der
Et gouf mir zougedroen, datt eng ganz Rei Net-Resident retraitée mat eemol an op eng kritesch Manéier hir Pensioun suspendéiert kréien. Dës Suspensioune schénge
D’Prozedur fir d’Aschreiwe vun engem Partenariat civil (PACS) setzt d’Constitutioun vun engem Dossier mat verschiddenen offiziellen Dokumenter viraus. Dozou gehéiert ënner anerem en integralen